E generellt Smartphone-Verbuet an de Schoulen?

Et gi vill Argumenter fir e generellt Smartphone-Verbuet an de Schoulen. De Fred Keup freet den zoustännege Minister.

Fro:

Et gëtt kee Gesetz, dat hei am Land d’Benotze vun Smartphonen a Schoule verbitt oder erlaabt, wat doru läit, datt esou e Smartphone-Verbuet an d’Perséinlechkeets- an Eegentumsrechter vum betreffende Schüler agräife géif. A Bayern gouf e Smartphone-Verbuet a Schoulen duerchgezunn. Do war d’Benotze vum Smartphone just an Noutfäll an zu Unterrechtszwecker erlaabt. Obschonns dës Reegelung an deem däitsche Bundesland mëttlerweil gelackert gouf, schwätze vill Argumenter fir e generellt Smartphone-Verbuet a Schoulen, z.B. de Konzentratiounsverloscht, deen duerch d’Benotze vum Smartphone verursaacht gëtt, mee och d’Méiglechkeeten, déi e Smartphone bitt, fir bei Tester ze knäipen. Cyber-Mobbing wärend dem Unterrecht an d‘Ofhuele vun der realer Konversatioun a Pausen duerch déi virtuell Smartphone-Kommunikatioun si weider Argumenter.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi steet den Här Minister zu engem generellen Smartphone-Verbuet an eise Schoulen?
  • Huet den Här Minister zum Thema Smartphone an de Schoule Recommandatiounen un d’Primärschoulen an d’Lycéeën erausginn? Wann net, ginn et Iwwerleeungen am Ministère, fir de Schoulen an deem Kontext eng bestëmmt Approche ze recommandéieren?
  • Kann den Här Minister preziséieren, ob et a verschiddene Schoule sougenannt „Smartphone-Zonen“ gëtt, an deenen d’Benotze vum Smartphone erlaabt ass? Wa jo, huet an deene Schoulen d’Léierpersonal d’Méiglechkeet, Smartphonen, déi ausserhalb vun dësen Zone benotzt ginn, ze konfiszéieren? Wa jo, ënner wéi enge Bedéngungen?

Äntwert:

De Smartphone ass aus eiser haiteger Gesellschaft net méi ewechzedenken; reegelméisseg fanne sech nei Applikatiounen a Fonktionalitéiten, déi dem Smartphone eng ëmmer méi grouss Wichtegkeet an eisem alldeegleche Liewe ginn.
Ee responsabelen Ëmgang mam Smartphone ass dofir vu grousser Bedeitung. Ob am Enseignement fondamental (EF) oder am Enseignement secondaire (ES), kann d’Schoul hiert dozou bäidroen, de Kanner a Jonken esou een Ëmgang ze vermëttelen.
Et gëtt dofir kee generelle Smartphone-Verbuet envisagéiert. Et sief drun erënnert, datt d’Bildschiermzäit am Allgemengen eent vun den Themen ass, déi bei den Interventioune vu BEE SECURE an de Schoulen ugeschwat ginn, an dorunner, datt d’Schülerinnen an d’Schüler ë. a. am Fach Digital Sciences sensibiliséiert gi fir e responsabelen Ëmgang mat de Medien, mat deenen si sech ëmginn.
Donieft gëtt et souwuel am EF wéi am ES aktuell schonn e reglementaresche Kader fir d’Benotze vum Smartphone.
Fir den EF präziséiert den Artikel 2 vum Règlement grand-ducal modifié du 7 mai 2009 concernant les règles de conduite et l’ordre intérieur communs à toutes les écoles: « Les téléphones portables des élèves sont éteints pendant le temps de classe, pendant les récréations, et à l’intérieur des bâtiments scolaires. (…), l’utilisation, de quelque fonction que ce soit, d’un téléphone portable ne peut se faire que dans le respect le plus strict vis-à-vis des autres membres de la communauté scolaire. »
Fir den ES seet den Artikel 25 vum Règlement grand-ducal modifié du 23 décembre 2004 concernant les règles de conduite dans les lycées: « Sauf autorisation expresse de l’enseignant, les téléphones portables et autres appareils électroniques des élèves sont éteints pendant le cours. L’utilisation des téléphones portables et d’autres appareils électroniques dans l’enceinte du lycée est réglementée par la charte scolaire. »
An de Chartes scolaires grad wéi an de Règlements d’ordre intérieur vu ville Lycéeë gëtt de Sujet vum Smartphone thematiséiert. Nieft dem responsabelen Ëmgang mam Smartphone geet et och drëms, den Unterrecht net ze stéieren; net seele mussen d’Schülerinnen an d’Schüler dofir hiren Handy um Unfank vun enger Unterrechtsstonn an eng speziell Këscht leeën a recuperéieren en dann erëm no der Stonn.
Fir de Fall, wou en Abus mam Handy virläit, präziséiert dee selwechten Artikel 25: « Toute publication et tout objet trouvés en possession d’un élève peuvent être confisqués s’ils sont de nature à troubler l’ordre scolaire. » Et sief awer gesot, datt et sech heibäi net ëm eng definitiv Konfiskatioun am juristesche Sënn handelt, mee datt e Schüler säi Smartphone kann temporär ofgeholl kréien.

 

Deel dëse Post: