En aktualiséierte Flyer fir d’Buerg Fiels op Däitsch, Franséisch an Englesch werft Froen op betr. d’Visibilitéit vun eiser Nationalsprooch. D’Alexandra Schoos geet där Saach op de Grond.
Fro:
Viru Kuerzem huet de Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg (deen dem Kulturministère ënnerstallt ass) en Informatiounsflyer iwwer d’Buerg zu Fiels publizéiert (“Larochette Castle”) bzw. aktualiséiert (“Edition 2025”). Dëse Flyer ass an dräi Sprooche verfaasst, nämlech op Englesch, Däitsch a Franséisch. Eng Iwwersetzung a lëtzebuergescher Sprooch feelt. D‘Buerg zu Fiels ass Deel vum historesche Patrimoine vun eisem Land. Staatlech Kulturinstitutiounen hunn net nëmmen den Optrag, dëst Ierwen ze erhalen an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen, mee och, zur Fërderung a Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch bäizedroen. Lëtzebuergesch ass nom Gesetz vum 24. Februar 1984 d’Nationalsprooch vum Land an huet an där Funktioun eng erausgehuewe Stellung am kulturelle Selbstverständnis vum Land. Virun dësem Hannergrond wërft de Verzicht op eng lëtzebuergesch Versioun vun engem offizielle Flyer zu engem Pilier vun eisem Patrimoine Froen am Hibléck op déi sproochepolitesch Kohärenz vun der Regierung op.
An dësem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Aus wéi enge konkrete Grënn gouf bei der genannter Publikatioun op eng Versioun a Lëtzebuerger Sprooch verzicht?
- Wéi eng sproochlech Direktiven oder intern Recommandatioune bestinn aktuell fir Publikatioune vum Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg wéi och vun aneren dem Kulturministère ënnerstallten Institutiounen?
- Plangt den Här Minister, an Zukunft drop hinzewierken, dass d’Nationalsprooch vum Land systematesch a Publikatioune vu staatleche Kulturinstitutioune berécksiichtegt gëtt, besonnesch bei der Vermëttlung vum nationale Kulturierwen?
Äntwert:
1.
Den Institut national du patrimoine architectural (INPA) huet eng detailléiert historesch Etüd iwwer de Site an der Fiels am Mëttelalter an Optrag ginn. Op Basis vun dësem Dossier wäert de CML an de kommende Joren eng nei a qualitativ héichwäerteg Mediatioun fir d’Buerg an der Fiels entwéckelen, sou wéi och nei gedréckte Supporten, déi an eng nei Charte graphique integréiert wäerte ginn. Dës Aarbechte fänken ufanks 2026 un. Beim informative Flyer iwwer d’Buerg an der Fiels handelt et sech net ëm eng nei Publikatioun, déi vum Centre des monuments du Grand-Duché de Luxembourg (CML) konzipéiert gouf, mee ëm en Informatiounsblat, dat ursprénglech vun den Amis du château de Larochette zesumme mat anere Partneren ausgeschafft ginn ass. Dëse Flyer gëtt et schonn zanter e puer Joer an e war vun Ufank un op Däitsch, Franséisch an Englesch disponibel. Am Laf vun der Saison 2025 war de Lagerbestand vun dëse Flyere quasi opgebraucht ginn. Fir deem entgéintzewierken, an en vue vun den uewen ugekënnegter zukünfteger Mediatioun, gouf déi pragmatesch Entscheedung geholl de besteeënde Flyer an der selwechter Sproochekombinatioun nach eemol ze reproduzéieren.
2. an 3.
Och wann de provisoresche Flyer net op Lëtzebuergesch virläit, gëtt d’Geschicht vun der Buerg an der Fiels haut schonn op Lëtzebuergesch vermëttelt, ënner anerem iwwer d’Guiden, déi am Kader vun den ORT-Visitten a mat Schoulklasse op Lëtzebuergesch schwätzen. De CML organiséiert zousätzlech spezifesch Aktivitéiten op Lëtzebuergesch (z. B. Atelieren am Kader vun der Initiativ LEADER iwwer d’Trauliicht, Optrëtter vun Erzielkënschtler op eise Sitten oder d’Organisatioun vu Konschtausstellunge mat lëtzebuergesche Kënschtler) a probéiert, d’Lëtzebuerger Sprooch och an de sozialen Netzwierker an a weidere Forme vun der Kommunikatioun anzebannen. Op dës Aart a Weis gëtt eis Sprooch dann alt nees méi visibel. De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch setzt sech konstant dofir an, datt, wann nëmme méiglech, an alle Publikatiounen vu staatlechen oder vum Staat ënnerstëtzte Kulturinstitutiounen d’Lëtzebuerger Sprooch prominent virkënnt. Dëst gëllt ganz besonnesch fir d’Presentatioun vun eisem Patrimoine. D’Lëtzebuerger Sprooch erfëllt dann eng dräifach Roll:
1. De lëtzebuergeschsproochege Visiteur kann d’Erklärungen op Lëtzebuergesch liesen. Dëst ass och attraktiv fir de Kulturtourismus bannent dem Land.
2. Déi Léit, déi am Gaang si Lëtzebuergesch ze léieren, kënnen déi lëtzebuergesch mat enger anerer Versioun vergläichen an hir Kompetenzen an eiser Sprooch verbesseren.
3. Déi Leit, déi d’Lëtzebuergesch net kennen, wéi z. Bsp. d’Touristen, begéinen esou eiser Sprooch.