E Fangerofdrock fir all Zwecker?

All déi Leit, déi e neie biometresche Pass kritt hunn, ware gebieden, hir Fangerofdréck ze hannerloossen. An all Bierger, deen an d’USA oder soss anzwuech ausserhalb der EU geflunn ass huet nees op elektroneschem Wee seng Fangerofdréck bei der Arees an dacks och bei der Réckrees geholl kritt. De Roy Reding wëll vun der Regierung Kloerheet, wou a wéi déi perséinlech Donnéeë gespäichert sinn, wie kann drop zeréckgräifen a fir wat fir en Zweck.

Den Bausseminister Jean Asselborn probéiert a senger Äntwert ze berouegen, muss awer, wat d’Huele vu Fangerofdréck am Ausland, op deenen anere Länner hir Legislatioun verweisen. Zu Lëtzebuerg ginn d’Daten nëmmen esou laang sécher gespäichert, bis datt de Pass erstallt ass. Allerdengs kann en Untersuchungsriichter Zougrëff op déi Donnéeë kréien.

Deel dëse Post: