E-Autoen: Exportschlager duerch Subventioun?

Ee vu Lëtzebuerger Steiersue subventionéierten Elektroauto däerf siwe Méint säi Besëtzer net wiesselen. Duerno kann e verkaf ginn … a gëlt als Occasioun op déi keng TVA erhuewe gëtt. Ob dee Won um internationale Marché duerch déi relativ héig Subventioun an eis grad esou relativ niddreg Autos-TVA mat Gewënn kan verkaf ginn, probéiert de Fred Keup an enger parlamentarescher Fro erauszefannen.

Fro

Lëtzebuerg subventionéiert d’E-Mobilitéit mat Primmen, déi dacks iwwert deenen aus dem Ausland leien. Esou en elektrescht Gefier, dat zum Deel mat Steiersue finanzéiert gëtt, muss de Proprietär siwe Méint halen, ier hien et däerf weiderverkafen. Da gëllt et och als Occasioun, bei där hirem Verkaf keng TVA méi ufält. An deem Kontext hätt ech dës Froen:

  1. Wéi vill Autoe si bis elo vum Staat subventionéiert ginn? Wéi vill Autoen dovu sinn u Betriber gaangen? Wéi vill verschidde privat Proprietären hu vun deem Programm profitéiert?
  2. Wat sinn d’Subventioune fir E-Mobilitéit an d’TVA-Sätz fir esou Gefierer an deenen aneren EU-Länner? Gëtt et eng Limitt, wat Gefierer ugeet, déi eng privat Persoun däerf mat Ënnerstëtzung vum Staat kafen? Gëtt et eng Limitt oder eng Héchstzomm beim Verkafe vun Occasiounen?
  3. Wéi vill vun deenen Autoe fueren zur Zäit nach op de Lëtzebuerger Stroossen?
  4. Wéi vill sinn der ofgemellt an exportéiert ginn?
  5. Wat sinn d’Länner, wou déi meeschten E-Autoen higaange sinn, a gëtt et en Zesummenhank mat relativ niddrege Subventioune fir E-Autoen respektiv mat héijen TVA-Sätz bei Neigefierer an deene Länner?
  6. Wéi nohalteg fannen d’Madamm Ëmweltminister an den Här Transportminister et, wa mat Elektroautoen Exportgeschäfter a Profitter gemaach gi wären, déi vum Steierzueler zu engem groussen Deel finanzéiert gi sinn?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n°6086 vum 21. Abrëll 2022 vun dem éirewäerten Députéierten Här Fred Keup iwwert E-Mobilitéit

 Wéi vill Autoe si bis elo vum Staat subventionéiert ginn? Wéi vill Autoen dovu sinn u Betriber gaangen? Wéi vill verschidde privat Proprietären hu vun deem Programm profitéiert?

 Am Ganze goufe bis elo 7 056 Primme fir Elektrautoe (reng elektresch a plug-in hybrid) ausbezuelt. A ronn 43% vun de Fäll konnten privat Besëtzer vum Programm profitéieren, bei 57% sinn d’Primmen u Betriber gaangen. Dëse Prozentsaz ëmfaasst och de Volet vum “leasing operationnel a financier”.

2.  Wat sinn d’Subventioune fir E-Mobilitéit an d’TVA-Sätz fir esou Gefierer an deenen aneren EU-Länner? Gëtt et eng Limitt, wat Gefierer ugeet, déi eng privat Persoun däerf mat Ënnerstëtzung vum Staat kafen? Gétt et eng Limitt oder eng Héchstzomm beim Verkafe vun Occasiounen?

 Eng Oplëschtung vun all de finanziellen Ureizer déi et an den eenzelen EU-Memberstaaten fir elektresch Stroossegefierer gëtt, fënnt een op der Säit vum « Europen Alternative Fuels Observatory » (https://alternative-fuels-observatory.ec.europa.eu/) vun der Europäescher Kommissioun. D’Form vun de finanziellen Ureizer variéieren deelweis staark vun engem Land zum aneren a sinn domadder net ëmmer einfach vergläichbar. Et sief awer drop higewisen datt eenzel Länner, wéi zum Beispill Däitschland, Primme fir 100% Elektroautoen an Aussiicht stellen, déi deelweis méi héich wéi hei zu Lëtzebuerg sinn.

Dat modifizéiert groussherzoglecht Reglement vum 17. Mäerz 2019 gesäit keng Limitt vir, wat d’Unzuel vu subventionéierte Gefierer ugeet, déi vun enger privater Persoun (oder engem Betrib) kënnen ugefrot ginn. Fir datt een immatrikuléiert Gefier eligibel fir eng Primm ass, muss dëst ënnert anerem op mannst 7 Méint op de Requérant ugemellt sinn. De Projet vun dem groussherzogleche Reglement fir d’Primmen ze verlängere gesäit awer fir, dat fir nei Demande dëse Mindestdelai vun der Detentioun vum Gefier op 12 Méint erhéicht gëtt.

Wat d’TVA ubelaangt, soll nach präziséiert ginn datt net eleng den Delai vu 6 Méint ausschlaggebend ass fir datt ee Gefier als nei ugesi gëtt, mee datt een zweete Facteur hei spillt an dat ass de maximale Kilometrage vu 6 000 km. Deemno gëtt ee Gefier esou laang als nei ugesinn, an ënnerläit der TVA zum jeeweilegen TVA-Saz vum Land wou d’Gefier agefouert gëtt, wéi eng vun den zwou Konditiounen erfëllt ass.

3.  Wéi vill vun deenen Autoe fueren zur Zäit nach op de Lëtzebuerger Stroossen?

 Vun de 7 056 Elektroautoen fir déi säit 2019 eng Primm ausbezuelt gouf, sinn der aktuell nach 6 219 zu Lëtzebuerg immatrikuléiert.

4.  Wéi vill sinn der ofgemellt an exportéiert ginn?

 Laut der SNCA goufe vun deenen 837 Elektroautoen, déi net méi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, der 26 temporär ofgemellt a kënnen zu all Moment nees ugemellt ginn. An 12 Fäll gouf den Auto verkaf an d’Immatrikulatiounskaart un d’SNCA zréck ginn, esou dat hei net ersiichtlech ass op d’Gefier hei am Land oder an d’Ausland verkaf gouf. 6 Gefierer goufe säitdeem entsuergt, wat héchstwarscheinlech op een Accident mat engem Vollschued schléisse léist. Bei 2 Gefierer ass déi temporär Umeldung ofgelaf.

791 Elektroautoen déi eng Primm vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung accordéiert krute goufe laut den Informatioune vun der SNCA exportéiert. Dës Gefierer waren an der Moyenne 17 Méint zu Lëtzebuerg ugemellt.

Et sief awer bemierkt dat laut den Zuele vun der SNCA iwwert de selwechten Zäitraum, also säit Ufank 2019, parallel 815 Elektroautoen aus dem Ausland op Lëtzebuerg importéiert goufen. Wëll dës Autoen net hier éischt Immatrikulatioun zu Lëtzebuerg haten, sinn dës Gefierer net eligibel fir d’Primme vum Staat. Et kann awer sinn dat d’Acquisitioun vun de Gefierer an de jeeweilege Länner finanziell ënnerstëtzt gouf.

Vergläicht een d’Importzuelen vun 815 Autoen mat den Exportzuelen (791 Autoen) wou ee Subsid bezuelt gouf, esou gläicht sech dëst zimmlech aus an et stellt prinzipiell den normalen Handel vun Autoen duer.

5.  Wat sinn d’Länner, wou déi meeschten E-Autoen higaange sinn, a gëtt et en Zesummenhank mat relativ niddrege Subventioune fir E-Autoen respektiv mat héijen TVA-Sätz bei Neigefierer an deene Länner?

D’SNCA stellt fir Autoen déi an den Export ginn nëmmen eng Attestatioun fir den Export aus. Et leien keng Informatiounen driwwer vir wou dës Gefierer nees ugemellt ginn.

6.  Wéi nohalteg fannen d’Madamm Ëmweltminister an den Här Transportminister et, wa mat Elektroautoen Exportgeschäfter a Profitter gemaach gi wären, déi vum Steierzueler zu engem groussen Deel finanzéiert gi sinn?

Primme vum Staat si geduecht fir de Präisënnerscheed zu engem equivalente Gefier mat Verbrennungsmotor zum Deel auszegläichen an doduercher d’Dekarboniséierung vum Fuerpark zu Lëtzebuerg ze acceleréieren. Dës staatlech Primme sinn net geduecht fir domadder Profitter ze man an dowéinst goufe vun Ufank un och kloer Reegelunge geholl fir een eventuelle Mëssbrauch ze verhënneren, wéi zum Beispill den Délai vu mindestens 7 Méint wärend deem den Auto muss op de Requérant ugemellt sinn. Wéi uewen ugekënnegt, soll den Delai op 12 Méint erhéicht ginn. Een Export vu Gefierer, ob elektresch oder net, ass ee normale Virgang op engem fräie Marché.

Wéi schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Ufro n°3452 präziséiert wäert d’Regierung d’Situatioun weiderhi genee analyséieren a bei Bedarf entspriechend Moossname virgesi fir een Export vun de staatleche Primmen ze erschwéieren.

Deel dëse Post: