D’Zukunft vun den desakraliséierte Kierchen

De Fernand Kartheiser an de Fred Keup intresséiere sech an hirer parlamentarescher Fro fir d’Zukunft vun den desakraliséierte Kierchen.

Fro:

Wéi een an engem Artikel am „Quotidien“ vum 24.11.22 noliese kann, gehéieren 344 vun de 490 Kierchegebaier hei am Land de Gemengen. Säit 2018, also säit der Trennung vu Kierch a Staat, goufen 21 Kierchen desakraliséiert an zum Deel fir aner Zwecker reamenagéiert.

An deem Zesummenhank hu mir folgend Froen un d’Regierung:

  • Kann d’Regierung preziséieren, ob wäertvoll Kulturgidder, ewéi z.B. Statuen, aus deenen desakraliséierte Kierchen erausgeholl goufen? Wa jo, goufen déi an e Musée opgeholl oder un d‘Äerzbistum iwwerginn? Gëtt et fir d’Versuerge vu reliéise Kulturgidder aus desakraliséierte Kierchen en Ofkommes tëschent weltlechen a reliéisen Autoritéiten oder ginn ad hoc Léisunge gesicht?
  • Wéi vill Kierchen, déi säit 2018 desakraliséiert goufen, hunn nach keng nei Verwendung fonnt? Wat wäert mat dëse Kierche geschéien?
  • Wéi vill Kierchen, déi a Gemengenhand sinn, goufe säit 2018 verkaaft? Kann d’Regierung preziséieren, u ween dës Kierche verkaaft goufen?

Äntwert:

Den Artikel 13 vum Gesetz vum 13. Februar 2018 iwwert d’Gestioun vun de Kierchegebaier erlaabt et dem Kierchefong, de Mobilier aus allen desakraliséierte Kierchen oder Kapellen ze halen, an definéiert och déi entspriechend Konditiounen.
Aus dësem Artikel geet ervir, datt all Mobilier, deen an de Kierche steet, dem Kierchefong gehéiert, mat Ausnam vum Mobilier, deen ënnert d‘Dispositioune vun den Alineaen 3 a 4 vum Artikel 525 vum Code civil fält. D’Gestioun vum Mobilier läit deemno an der Verantwortung vum Kierchefong. Eng vun den Aufgaben, déi de Kierchefong sech an dësem Zesummenhang ginn huet, ass déi, en Inventaire vun all dem reliéise Mobilier aus de Kierchen a Kapellen an der Diözes unzeleeën.
Wann eng Kierch desakraliséiert gëtt, mécht de Kierchefong fir d’éischt eng Bestandsopnam vum Mobilier, dee sech an der Kierch befënnt, oder aktualiséiert den Inventaire. Am Fall, wou de Kierchefong e Mobilier aus enger desakraliséierter Kierch eraushëlt, gëtt dëse Mobilier an der Regel an anere Kierchen ënnerbruecht, wa méiglech an der selwechter Gemeng oder innerhalb vun der Par. Objeten, déi net kënnen a Kierchen ënnerbruecht ginn, bréngt de Kierchefong op anere Plazen ënner. Et goufe keng Objeten un e Musée iwwerdroen. Och ass kee Mobilier aus den desakraliséierte Kierchen aus der Propriétéit vum Kierchefong un den Äerzbistum iwwergi ginn. Et gëtt keen Ofkommes tëscht der reliéiser an der weltlecher Autoritéit, wat d’Versuerge vu reliéise Kulturgidder aus desakraliséierte Kierchen ugeet.
De Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA) huet zanter 2018 keng Objeten aus desakraliséierte Kierchen iwwerholl, weder als Don oder Kaf, nach als Dépôt à long terme.
De Kulturminister ka Kulturgidder, déi an d’Lëscht vum Artikel 44(2) vum Patrimoinesgesetz vum 25. Februar 2022 falen, klasséieren. Hei drënner falen och vill Kulturgidder aus de Kierchen.
Fir klasséiert Kulturgidder aus de Kierche muss de Proprietär sech ëm d’Versuerge këmmeren (Artikel 50 aus dem Patrimoinesgesetz). De Kulturministère huet keen Dépôt oder soss Konventiounen, fir déi Kulturgidder z’iwwerhuelen an ze versuergen. Am Fall, wou d’Conservatioun vun engem geschützte Kulturgutt net garantéiert oder respektéiert gëtt, gesäit d’Patrimoinesgesetz verschidde Prozedure vir, fir e geschützte Kulturgutt ze schützen. Mir verweisen hei op d’Artikelen 58 bis 61 vum Gesetz, i.e. mise en demeure, ordonner des mesures conservatoires utiles oder den transfert provisoire de l’objet.
D’Regierung ass net an d’Desakralisatiounsprozedur vun de Kierchegebaier agebonnen a verfüügt just iwwert déi Informatiounen, déi d’Gemenge vu sech aus matdeelen. Et gi Gemengen, déi nach keng konkret Projete mat hiren desakraliséierte Kierchen hunn, anerer notze se fir humanitär, kulturell oder touristesch Zwecker oder stelle se fir zivil Zeremonien zur Verfügung.
Der Regierung ass net bekannt, ob eng desakraliséiert Kierch verkaf ginn ass.

 

 

Deel dëse Post: