D’Zukunft vum Tuerm vun der aler Brauerei zu Dikrech

An enger parlamentarescher Fro huet den André Bauler d’Kulturministesch gefrot, aus wéi enge konkrete Grënn decidéiert gouf, den Tuerm vun der aler Dikrecher Brauerei ofzerappen. D’Sam Tanson hat dorop geäntwert:

“Nodeems d’Vertrieder vum aktuelle Propriétaire Etuden zum Zoustand vum Terrain an och vum Bau selwer presentéiert haten, gouf vum Service des sites et monuments nationaux eng Géigenetude an Optrag ginn fir d’Pollutioun vum Baugrond z‘analyséieren. Esou sollt e neutrale Büro eng kritesch Duerchliichtung vun de Miesswäerter an der Verknaschtung opstellen. Dëst Dokument vun engem onofhängegen Expert huet d’Etude, déi vum Proprietaire virgestallt gouf, konfirméiert an doriwwer eraus den Zoustand vum Terrain op deem d’Gebaier stinn nach méi dramatesch erëm geholl. Et huet sech deemno erausgestallt, datt d’Pollutioun um Terrain wou dat méi jonkt Gebai an deemno och den Tuerm vu 1930 steet, extrem héich ass. Eng groussflächeg an déif Depollutioun ass onëmgänglech. Déi opwänneg Sanéierungen an déi komplex Agrëff an de Buedem maachen en Erhalt vun de Gebaier praktesch onméiglech.”

Wat fir Schuedstoffer goufen an esou enger grousser Quantitéit am Buedem fonnt, datt si den Erhalt vum Tuerm onméiglech maachen?

Deel dëse Post: