D’Zukunft vum Policemusée

Spéitstens am September muss déi polizeihistoresch Sammlung  vum Policemusée dat historescht Gebai um Verluerekascht verloossen. D’Policemusée asbl krut zougeséchert, datt en Deel vun dëser Sammlung am Keller vum Kulturzentrum zu Capellen ënner Daach komme wäert. Allerdéngs héchstwarscheinlech just fir fënnef oder sechs Joer. Dono wëll d’Gemeng Mamer déi entspriechend Ausstellungsfläch erëm fir aner Zwecker benotzen. Een aneren Deel vun der polizeihistorescher Sammlung wäert viraussiichtlech an enger Logistikhal vun der Police een neit Ënnerdaach fannen, allerdéngs, sou wéi et ausgesäit, och just provisoresch. Wat geschitt awer no dëser provisorescher Phas?

Deel dëse Post: