D’Wëssenschaftsfräiheet ass wichteg fir d’Land

Wéi wichteg de wëssenschaftleche Rot ass, fir gutt Politik ze maachen, brauch keen erkläert ze kréien. An engem Pressekommunikee hëlt d’ADR ënnert dem Titel „Fuerscher, mussen hir Meenung kënne soen … ouni politeschen Drock Stellung zu rezente Virkommnesser, wou e jonke Lëtzebuerger Fuerscher op politeschen Drock seng Aarbecht verluer huet.

An zwee Fäll ass d’Lëtzebuerger Regierung elo erwëscht ginn, datt si Fuerscher wollt monddout maachen, déi hir Aarbecht kritiséiert hunn. E franséische Fuerscher hat sech dogéint gewiert, wéi seng Recherche vum gréngen Ëmweltministère mëssbraucht goufen, fir d’Fuussejuegd ze verbidden. E jonke Lëtzebuerger Fuerscher huet laut Zeien op Drock vun der Regierung, vum sozialisteschen Député-Maire vun Diddeleng a vun der LSAP seng Plaz verluer. Hien hat sech gewonnert, datt Lëtzebuerg keng Héichwaasserwarnung ginn hat, obwuel vun europäescher Säit dëst ugekënnegt gi war. Am éischte Fall ass den Drock esouguer schrëftlech dokumentéiert mat E-Mailer vun engem héije Beamten aus dem Ëmweltministère.

D’Meenungsfräiheet ass a westlechen Demokratie mat dee wichtegste Prinzip. A Form vun der Wëssenschaftsfräiheet gëllt dee Prinzip och an der Fuerschung. Fuerschung ass net do, fir Regierungspolitik ze confirméieren, mee fir Léisungen an Erklärungen ze fannen, och wann dës enger Regierung net passen. Eng politesch gesteiert, zensuréiert oder mëssbrauchte Fuerschung daacht näischt.

Nu wär et naiv ze mengen, datt Fuerschung am Elfenbeintuerm lieft. Vill Sue fir d’Fuerschung komme vu Staat a Regierung, oder deenen hir Vertrauensleit decidéiere mat iwwer Fuerschungsachsen an d’Verdeelung vun de Suen. Start-upen, déi aus der Fuerschung kommen, hänken u Staatssuen an u staatlechen Opträg. Zu Lëtzebuerg nach méi wéi an aner Länner, well hei privat finanzéiert Fuerschung méi rar ass. An och d’Uni Lëtzebuerg huet et schwéier, fir eegen Akzenter ze setzen. Och si hänkt of vu Staatsgelder an ass enk an eng dirigéiert Fuerschungspolitik mat exklusive Prioritéiten agebonnen.

Emsou méi verantwortungsvoll muss de Staat mat der Fräiheet vun der Fuerschung ëmgoen. Wéi knallhaart a récksiichtslos dës Regierung awer mat de Wëssenschaftler ëmgeet kann engem Angscht maachen. A béide genannte Fäll ass et ëm déi wirtschaftlech Existenz vum Fuerscher gaangen, a Frankräich ouni Konsequenze fir de Mann, zu Lëtzebuerg leider awer net. De  betraffene Wëssenschaftler huet net nëmme seng Aarbecht verluer, mee hien hätt op en Hoer och nach misste säin Dokter-Studium ofbriechen, wa seng Universitéit him net entgéint komm wär.

A béide Fäll haten d’Fuerscher recht. Vu franséischer Säit war et emol keen déiwen Desaccord. De franséische Fuerscher huet just gewarnt, politikwierksam Conclusiounen ze zéien, ouni nach méi déif a méi laangfristeg Ënnersichunge vun der Fuussepopulatioun. Dat huet net an d’politesch Agenda vum Ëmweltministère gepasst, deen dorops seng berufflech Qualifikatioun a Fro gestallt huet. An och de Lëtzebuerger Fuerscher hat recht fir déi spéit Reaktioun vum Banneministere an der Héichwaasserkatatstrof ze kritiséieren. Ganz schwaach war deem seng Rechtfäerdegung, datt europäesch Warnungen net ëmmer fir all Land gëlteg sinn. Well an dësem Fall ware si et, a Lëtzebuerg hätt vill besser preparéiert kéinte sinn, wann si eescht geholl gi wären.

Kann een dëser Regierung nach trauen, wa si sech op Fuerschungsresultater berifft? Wéi fräi si Fuerschung a Wësseschaft nach hei am Land? D’ADR fuerdert eng integral Opklärung vun allen Ëmstänn, déi zu der Entloossung vun deem jonke Wëssenschaftler gefouert hunn, a politesch Konsequenzen fir all Politiker, dee sech der Wëssenschafftsbehënnerung schëlleg gemaach huet.  Dës Regierung weist ëmmer méi dat si e repressiven an anti-demokratesche Geescht vertrëtt!

Deel dëse Post: