Durchernee bei der Grondsteier: De Gast Gibéryen freet no

Vill Leit gi net richteg eens, wat d’Grondsteieren ugeet, déi se ze bezuelen hunn. An et feelt u kloren Explikatiounen vun de Verwaltungen. Dofir huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen eng parlamentaresch Fro gestallt, fir dee Sachverhalt eemol richteg ze klären. A senger Äntwer gëtt de Finanzminister zou: “Bei de B Dossieren ass d’Saach méi komplizéiert…”, a bei den A Dossiere gëtt et “eventuell Retarden”.

Komesch och, datt et schwéier schéngt ze sinn, de Steierbezueler ze informéieren, op wéi engem Grondstéck d’Steier bezuelt gëtt… wou dach een an deeselwechte Nummer fir en Eenheetswäertbulletin an de Grondsteierbulletin gebraucht gëtt.

Deel dëse Post: