D’Undenken un de Resistenzler Raymond Petit

Firwat gëtt an de Schoulen nëmméi un de grousse Lëtzebuerger Fräiheetskämpfer Raymond Petit erënnert? De Fred Keup stellt dem Schoulminister an der Kulturministesch eng parl. Fro:

Fro:

De Lëtzebuerger Resistenzler Raymond Petit, Matbegrënner vun der Widerstandsbeweegung „Lëtzebuerger Patriote Liga“, ass 1942 zu Bäerdref bei enger Schéisserei mat der Gestapo ëm d‘Liewe komm. Seng Verdéngschter fir d’Lëtzebuerger Resistenz, fir eis Heemecht a géint déi däitsch Besatzung am Zweete Weltkrich si sou remarkabel, datt eigentlech jiddereen hei am Land säin Numm kenne misst. Trotzdeem wëssen déi meescht Leit hei am Land net Bescheed iwwer dës grouss Perséinlechkeet vun eiser Geschicht.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un d‘Regierung:

  • Ginn et am Schoulministère Iwwerleeungen, fir de Schüler am Geschichtsunterrecht méi iwwer de Raymond Petit an aner Perséinlechkeeten aus der Resistenz ze informéieren? Wann nee, wéi eng Grënn schwätze géint dës Initiativ?
  • Wéi schätzt d‘Regierung den Aktualitéitswäert vun der „Lëtzebuerger Patriote Liga“ an allgemeng der Lëtzebuerger Resistenz am Zweete Weltkrich fir eis Schoulen an?
  • Kann d‘Regierung preziséieren, wéi oft an de leschten zéng Joer Lëtzebuerger Resistenz- bzw. Zwangsrekrutéiertenorganisatiounen a Lëtzebuerger Schoulen ageluede goufen, fir iwwer d’Schicksal vun de Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich opzeklären?
  • Gesäit d’Regierung eventuell vir, eng ëffentlech Staatsplaz oder Strooss oder ee Gebai zu Gonschte vun eisem grousse Resistenzler ze benennen oder ëmzebenennen?

Äntwert:

Ad 1)

An der Geschichtsschreiwung awer och am Geschichtsunterrecht, sief et am schouleschen oder am universitäre Beräich, ass et haut duerchaus üblech, ee Sujet mat Hëllef vun Eenzelbiographien ze beliichten, respektiv dës an en allgemenge Kontext ze setzen.
Mat “50 Faces – 50 Stories” steet de Lëtzebuerger Schoulen een Tool zur Verfügung, mat deem am Kader vum Geschichtsunterrecht, awer och an allen anere concernéierte Fächer, den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg aus enger biographescher Perspektiv kann thematiséiert ginn (cf. https://zpb.lu/pedagogical_cpt/50faces/ oder https://www.50faces.lu/). Et geet drëms, de Jonke vun haut déi verschidden Handlungsméiglechkeeten a Verhalensweise virun Aen ze féieren, déi am Kontext vu Krich an totalitärer Diktatur virstellbar sinn. Ënnert de 50 Biographië fënnt een Täter an Affer, Zaldoten an Zivilisten, Kanner an Erwuessener, Collaborateuren an och Persounen, déi – wéi de Raymond Petit – Widderstand geleescht hunn.
D’Léierbox “50 Faces – 50 Stories”, gouf zesumme vum Musée national d’Histoire militaire, dem Musée national de la Résistance et des Droits humains an dem Zentrum fir politesch Bildung developpéiert. Si gëtt den Enseignanten aus dem Enseignement fondamental an dem Enseignement secondaire am Kader vun der Formation continue als Tool fir d’Vermëttlung vun historesch-politeschem Wëssen virgestallt.

Ad 2)

D’Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich steet um Programm vum Geschichtsunterrecht, souwuel am Enseignement fondamental wéi am Enseignement secondaire; et ass wuel dat Theema iwwert eist Land, wat am meeschte verdéift gëtt.
Dobäi ginn all Aspekter vun der däitscher Besatzung vun den Enseignanten thematiséiert, sief dat d’Resistenz, d’Collaboratioun, d’Zwangsrekrutéierung, d’Deportatioun, d’Epuratioun, asw.
D’Lycéeën organiséiere reegelméisseg Schülervisitten a Konzentratiounslager, Zäitzeie kommen a Schoulklassen, Schülerinnen a Schüler huelen u Gedenkzeremonien deel, gi Filmer mat hiren Enseignantë kucken an engagéieren sech op vill aner Manéiere fir Demokratie a Meenungsfräiheet.

Ad 3)

Den Tableau hei drënner weist d’Zuel vun den Interventioune vu Resistenzler, Affer vun der Shoah an Zwangsrekrutéierten a Lëtzebuerger Schoulen am Laf vun de leschten zéng Joer.
2012/13: 5
2013/14: 4
2014/15: 5
2015/16: 7
2016/17: 9
2017/18: 4
2018/19: 9
2019/20: 7
2020/21: 12
2021/22: 10

Ad 4)

Och wann et de Moment kee konkrete Projet dofir gëtt, ass et duerchaus denkbar, eng ëffentlech Plaz, eng Strooss oder e Gebai nom Raymond Petit ze benennen. An deem Kontext sief nach bemierkt, datt am Iechternacher Kolléisch eng Gedenktafel un de Raymond Petit erënnert.

Deel dëse Post: