D’Ukrain als Virwand fir Zensur!

Och an der Ukrainkris weist sech alt nees, datt Gambia wierklech keng Geleeënheet ausléisst, fir d’Grondrechter vun de Lëtzebuerger nach weider anzeschränken. Obwuel d’Recht op fräi Meenungsäusserung duerch eis Verfassung gedeckt ass, gräife mir ënnert dem Virwand, den onmëndege Bierger viru russescher Propaganda ze schützen, lo ganz offiziell zur Zensur. Déi russesch Medien “Russia Today” a “Sputnik” sollen zu Lëtzebuerg an Zukunft net méi zougänglech sinn. Offenbar traut d’Regierung de Leit net zou, sech tëschent där westlecher an der russescher Perspektiv op dëse Konflikt eng eege Meenung kënnen ze bilden. Ass dat déi Demokratie déi mir, och am Verglach mat Länner wéi Russland, sou gären héichhalen?

Deel dëse Post: