Faktencheck Nationalitéitegesetz
Op der „RTL Table ronde“ zu Diddeleng (6.10.2018) huet de Justizminister Felix Braz ze verstoe ginn, datt mam neien Nationalitéitegesetz d‘Ufuerderungen, wat d‘Lëtzebuerger Sprooch betrëfft, net erof gaange sinn.
Dat ass falsch, Här Minister!
Virun de Reform vum Här Braz waren d‘Ufuerderungen dës:
– Niveau A2 beim Schwätzen AN Niveau B1 beim Verstoen (kee „kompenséieren“).
No der Reform sinn d‘Ufuerderungen elo:
– Niveau A2 beim Schwätzen. Nëmme wann de Kandidat hei net d‘Halschent vun de Punkten huet, da gëtt en zousätzlech am Verstoe gepréift, um Niveau B1. De Kandidat kann esou d‘Mängel beim Schwätze „kompenséieren“. Den Niveau A2 eleng geet also grondsätzlecht duer. Den Niveau an d‘Ufuerderunge sinn duerch d‘Reform erofgesat ginn.
Weider ass am Gesetz festgehale ginn, op Initiativ vun der CSV, datt wann een 20 Joer laang zu Lëtzebuerg wunnt, een da guer kee Lëtzebuergesch muss schwätze fir d‘Nationalitéit ze kréien. Och dëst ass, fir d‘ADR, eng Braderie vum Lëtzebuerger Pass!
Bei senge Proposen zur Reform vum Nationalitéitegesetz hat d‘ADR dem Minister dëse Virschlag gemaach: „L‘ADR exige au minimum le maintien de la condition actuelle (…), de réfléchir s‘il n‘y a pas lieu d‘introduire le niveau B1 pour les deux épreuves“.
Niveau A2, B1…: et sinn des Standarden, déi am „Cadre européen commun de référence pour les langues“ festgehale sinn. A1 ass déi ënnescht Stuf, C2 déi héchsten.