Eigentlech hat d’Regierung jo ugekënnegt, datt d’Duerchsoen um Findel an Zukunft och op Lëtzebuergesch gemaach géifen. Mee d’Realitéit schéngt eng aner ze sinn. De Fred Keup geet där Saach op de Gronn.
Fro:
An hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 586 vum 5. Abrëll 2024 betreffend déi automatiséiert Usoen um Findel haten d’Madamm Mobilitéitsminister an den Här Kulturminister geäntwert: “D’Erneierung vum System ass mëttlerweil ofgeschloss, deemno sinn déi generell Usoen um Findel och op Lëtzebuergesch ze héieren.“ Trotzdeem hunn ech festgestallt, datt déi aktuell Realitéit um Findel net där vun der Regierung virun zwee Joer confirméierter technescher „Erneierung“ entsprécht.
Dofir géif ech gär bei der Regierung nofroen:
- Aus wéi enge Grënn sinn déi generell Usoen um Findel aktuell net bzw. net méi op Lëtzebuergesch ze héieren?