D’Sécherheet vum nationale Krisenzentrum

Säit Enn Mee 2021 ass deen neien nationale Krisenzentrum zu Senneng a Betrib. Am Fall vun enger nationaler oder internationaler Kris kommen hei d’Spëtze vum Lëtzebuerger Staat, vun der Police, vun der Arméi, vum CGDIS a vun anere Verwaltungen zesummen, fir iwwer d’Situatioun ze beroden an Entscheedungen ze treffen. De Krisenzentrum ass mat deene modernste Kommunikatiounssystemer ekipéiert. Dofir ass et verwonnerlech, Pressartikelen no, datt dëst Gebai vun engem Gardien vun enger privater Sécherheetsfirma bewaacht gëtt. Den Héije Kommissär fir national Sécherheet, deen dem Staatsminister ënnerstallt ass, seet dozou: “Staatsverwaltungen gehen immer mehr dazu über, private Sicherheitsfirmen zu engagieren. (…) Wir gehen nicht davon aus, dass das Krisenzentrum attackiert wird.” Wat mécht hien do sou sécher?

 

Deel dëse Post: