D’Schoulorientéierung: wichteg fir d’Kanner [Video]

Et ass kee Schoulsystem besser oder méi wäert, wéi deen aner. Fir ee Kand passt eben den Technique a fir dat anert de Classique, esou datt si hiere Fähegkeeten an hirem Interessi no do am beschte glécklech ginn. Mat engem neie Gesetz soll de Wonsch vun den Elteren bei der Orieintéierung vun de Kanner elo méi Gewiicht kréien, an domat ass d’ADR net d’accord. De Fernand Kartheiser huet mat Hëllef vun däitsche Statistiken vun Hamburg gewisen, datt aus Prestigegrënn vill Elteren hier Kanner an eng Schoul stiechen, déi net fir si ass. Den ADR-Deputéierten huet fir eng seriö Orientéierung plädéiert awwer gläichzäiteg fir eng Opwäertung vum Technique a vun der Ausbildung fir eng manuell Tätegkeet. Et dierft net sinn, datt déi Schoulen als mannerwäerteg géinge vun den Eltere gekuckt ginn.

Deel dëse Post: