Dréngend Fro iwwer Litauen an d’Ukrain huet gutt Zäit?

Wat am Ament a Litaue geschitt kéint den Ukrain-Krich séier zu engem Krich tëscht dräi a méi Länner maachen. De russesche Bausseminister huet mat Konsequenze gedréit, wa Litauen den Transit an d’russesch Enklav Kaliningrad géing ënnerbannen. Litauen an d’EU mengen, et géingen nëmmen EU-Sanktiounen duerchgezu ginn. D’EU wëll dat awer genee ënnersichen. Eng brisant Situatioun, déi séier kéint evoluéieren. Dem Fernand Kartheiser senger drengender parlamentarescher Fro ass awer d’Drénglechkeet ofgesprach ginn … wéi dacks. Op dréngend Froen muss d’Regierung bannent enger Woch äntweren, op déi aner bannent engem Mount. Wann an engem Mount de Krich net a Litauen ukomm ass …

 

Fro

Besonnesch déi fréier Ostblockstaaten an der EU an der NATO an hei virun allem déi baltesch Länner a Polen vertrieden eng dacks ganz radikal antirussesch Positioun besonnesch och am aktuelle Kontext vum Konflikt an der Ukrain. Russland beschëllegt elo Litauen, de Persounen- a Wuereverkéier mat der russescher Enklav Kaliningrad ze blockéieren an domat méi wäit ze goen, wéi d’EU-Sanktiounen an d’EU-Recht et virgesinn. D’EU a Litauen dementéieren eng Blockad vu Kaliningrad. D’EU wëll dat awer nach rechtlech iwwerpréiwen.

Et ass evident, datt dës Entwécklung ka ganz geféierlech ginn. Dowéinst wéilt ech der Regierung dës dréngend Fro stellen.

  1. Wéi schätzt d’Regierung déi aktuell Spannungen tëschent Russland a Litauen an? Ass si der Meenung, datt Litauen am Kontext vu Kaliningrad iwwer déi europäesch Sanktiounen eraus geet oder si strikt respektéiert?
  2. Am Fall wou Litauen d’Sanktioune sollt korrekt applizéieren, missten d’EU-Sanktiounen dann net esou ugepasst ginn, datt et net zu enger Kris em Kaliningrad ka kommen? Wann nee, also wann Litaue sollt Russland wëlle provozéieren, wéi wëll d’Regierung da reagéieren?
  3. Am Kader vun der eFP (enhanced forward presence) vun der NATO si Lëtzebuerger Militär a Litauen. Am Fall wou Litauen d’EU-Sanktioune sollt „iwwerinterpretéieren“ a bewosst a virsätzlech d’Spannunge mat Moskau sollt erhéijen, wär d’Regierung bereet fir déi Lëtzebuerger Militär direkt ze rapatriéieren?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn a vum Verdeedegungsminister Francois Bausch op d’parlamentaresch Fro no. 6390 vum 22. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

 Äntwert op d’ Fro 1

 D’Regierung suivéiert d’Situatioun a steet am Kontakt mat hire litauesche Homologuen, souwéi mat allen aneren EU-Memberstaaten a mat der EU Kommissioun. De President vun Litauen an den Héije Vertrieder vun der EU fir Aussen- a Sécherheetspolitik, den Här Josep Borrell, hu kloer gemaach, datt déi litauesch Administratioun d’Richtlinne vun der Europäescher Kommissioun am Aklang mat den EU-Sanktiounen ëmsetzt.

Äntwert op d’ Fro 2

 Wéi an der Äntwert op déi éischt Fro gesot, huet Litauen d’Richtlinne vun der EU Kommissioun am Aklang mat den EU-Sanktiounen ëmgesat. D’Kommissioun huet den 13. Juli 2022 nei Richtlinnen erausginn. Dës Richtlinne präziséieren datt den Transit vu sanktionéierte Gidder duerch den Territoire vun der EU op Kaliningrad iwwert d’Strooss net erlaabt ass. Fir de Schinnentransport gëtt et allerdéngs kee spezielle Régime deen dëst verbitt. Den Transit vu sanktionéierte Militärgidder, Dual-Use Gidder an Technologie wéi si an dem Reglement (EU) 2021/821 definéiert sinn, bleiwen verbueden.

Dëst hieft d’Verflichtung vun de Memberstaaten awer net op all Form vun Ëmgoen vun den Sanktiounen ze verhënneren. D’Autoritéite vun de Memberstaaten sollen dofir geziilt, proportional an effektiv Kontrolle maachen an aner passend Moossnamen ergräife fir e Verstouss géint EU-Reglementer ze verhënneren. Dofir sollen d’Memberstaate och kontrolléieren, datt d’Transitvolumen am Aklang bleiwe mat den historeschen Duerchschnëttswäerter vun de leschten dräi Joer, an datt et do keng ongewéinlech Fluxen oder Handelsmuster ginn, déi op en Ëmgoe vun den Sanktiounen hiweise kéinten. An esou engem Fall sollen d’Memberstaaten all néideg Moossnamen huelen déi an der europäescher Gesetzgebung virgesi sinn, inklusiv de Refus vum Transit an d’Festhale vun de betraffene Wueren.

Äntwert op Fro d’ 3

 Als Reaktioun op d’Verschäerfung vun der Sécherheetslag un hirer Ostflank huet d’NATO eng Rei Mesure getraff, ënner anerem en Opstocke vun Truppen, och a Litauen. D’Verschlechterung vun der Sécherheetslag geet zeréck op déi äusserst brutal a vëlkerrechtswiddreg Aggressioun vu Russland géigeniwwer der Ukrain. D’lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt all d’Mesuren, déi vun der NATO geholl goufen an huet dofir och net wëlles d’lëtzebuerger Zaldoten aus Litauen ofzezéien.

 

 

Deel dëse Post: