Wann een dauernd d’Box erof léisst, da muss een sech net wonneren, wann ee gebeetscht gëtt. Zur selwechter Zäit, wou de Finanzminister déi Transparenz vun der Regierung, heescht totaalt Ofschafe vum Bankgeheimnis, op enger Pressekonferenz gelueft huet, hu ronderëm d’Welt 80 Journalisten Artikele geschriwwen, wou Lëtzebuerg nees un de Pranger gestallt ginn ass: déi sougenannte Luxembourg Leaks. D’ADR stellt mat groussem Bedauere fest, datt wat ons Regierung méi liicht an d’Knéie geet, wat méi op Lëtzebuerg geklappt gëtt. D’Land brauch dréngend en Zukunftsplang, an zwar ee wou festhält, wouhin de Lëtzebuerger Standuert a seng Finanzplaz steiert, an e Premier an e Finanzminister, déi konsequent d’Interessie vum Grand-Duché verdeedegen!
D’ADR ass sech bewosst, datt d’Welt geännert huet, datt jiddwereen säin Deel vun der Steierlaascht muss droen an datt ee keng Finanzplaz kann opbauen an deem ee Steierflucht begënschtegt. Et muss awer och betount ginn, datt déi bis elo gëlteg Gesetzgebung, z.B. wat den Austausch vun Donnéeën oder d’Virsteier op Zënsen ubelaangt, total legal ass an den europäeschen Direktiven entsprécht.
En Dënschdeg an der Chamber ass vun der Majoritéit e Gesetz ugeholl ginn, wat a Saachen Austausch vu Donnéeën den elementare Rechtsprinzip vum Rekursrecht ofgeschaf huet. E Mëttwoch ass dunn och d’Bankgeheimnis definitiv mam automateschem Echange vun Informatiounen ofgeschaf ginn. Als eenzeg Partei huet d’ADR géint dës zwee Projete gestëmmt.
Et huet keng 24 Stonne gedauert, fir feststellen, datt déi nei „Transparenz“ dem Land näischt genotzt huet. Och vum fréiere Lëtzebuerger Premier an haitege President vun der europäescher Kommissioun ass keng Hëllef ze erwaarden. Zitat Juncker: „Ich werde keinen Einfluss nehmen“.
D’Gambia-Regierung huet vill ze vill Zougeständnesser gemaach, ouni e Verhandlungskonzept an ouni Konterpartien unzefuerderen. Doduerch muss d’Lëtzebuerger Finanzplaz Deeler vu sengem Geschäftsmodell opginn, ouni Sécherheeten ze hunn, sech däerfen op anere Pläng weider ze entwéckelen.
D’ADR fuerdert, datt elo en echten Zukunftsplang op den Dësch geluecht gëtt, wou d’Zukunft vum Standuert Lëtzebuerg am Akkord mat alle Partner festgeluecht gëtt, dëst och awer net nëmme fir d’Banken- a Finanzplaz. Doriwwer eraus muss Lëtzebuerg, wéi och déi aner Länner dat maachen, seng Interessien am internationalem Ëmfeld mat aller Konsequenz verdeedegen.
Pressematdeelung vum 6. November 2014