Déi Super-Räich kréie Milliarden u Steierkaddoen! Déi Kleng an de Mëttelstand mussen dogéint ëmmer nei Steier bezuelen! Duerch déi sougenannte FIS’en (Fonds d’Investissements Spécialisés) spueren déi Räich Milliarden u Steieren! Den Zentrums-Deputéierte Roy Reding huet dann och a senger Interventioun vum 22. September betount, datt dësen Zoustand fir d’ADR inakzeptabel ass. D’ADR mécht Drock op d’Regierung, datt d’Dispositiounen iwwert d’FIS’en elo sou séier wéi méiglech geännert ginn.