D’Regierung entwäert d’Lëtzebuerger Sprooch!

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet verschéckt Bréiwer op Däitsch, Englesch, Portugisesch a Franséisch, ma Lëtzebuergesch kënnt net vir. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR-Deputéiert Alexandra Schoos schreift d’Madamm Minister, datt et géif drëm goen, méiglechst vill Leit ze erreechen. Déi “lëtzebuergeschsproocheg Persounen” géifen sech jo doran erëmfannen. Wëll si domat also ausdrécken, datt eis portugisesch Matbierger hirer Meenung no weder Däitsch, nach Englesch nach Franséisch verstinn? D’Lëtzebuerger sollen als Bierger drëtter Klass iwwerdeems kucken, datt se eens ginn? Ma souguer wann ee sech déi Frechheet vis-à-vis vun der portugisescher Communautéit géif zu eege maachen, misst een sech nawell nach froen, firwat déi Approche dann op ee Minstère begrenzt bleift. D’Lexy Schoos leet de Fanger an d’Wonn(en):

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet an den Här Kulturminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 3761 schreift d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Sécherheet, op d’Fro, firwat standardiséiert Bréiwer zwar zum Deel an net administrative Sprooche wéi Portugisesch an Englesch, awer net an eiser Nationalsprooch Lëtzebuergesch redigéiert sinn, dat hei: “De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet versicht bei senge Preventiounsmoossname souwéi och bei den Terminconvocatiounen déi Sproochen ze benotzen, déi vun engem méiglechst grousse Prozentsaz vun der Bevëlkerung verstane ginn.  Mam Ofdecke vun den uewe genannte Sprooche gëtt dovun ausgaangen dass e groussen Undeel u Persounen (dorënner och lëtzebuergeschsproocheg Persounen, awer och Persounen déi d’lëtzebuergesch Sprooch net beherrschen) d’Kommunikatioun versteet”.

Et muss awer all Bierger sech un all Ministère adresséiere kënnen, deementspriechend wier et nëmme konsequent, d’Wiel vun de Sproochen interministeriell ze standardiséieren. Des Weidere kënnt d’Nofro no méi Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen dacks och grad vun auslännesche Matbierger, déi bedaueren, datt eis Nationalsprooch am ëffentleche Raum quasi net virkënnt, wat et fir si nach méi schwéier mécht, se ze léieren.

An deem Sënn géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi begrënnt d’Regierung d’Decisioun, op eng allgemeng, interministeriell Reegelung fir déi schrëftlech Kommunikatioun mat de Bierger ze verzichten?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert a begrënnt firwat wat fir ee Ministère a wéi eng entspriechend Verwaltungen an ëffentlech Institutiounen, wéi eng automatiséiert Bréiwer a wéi enge Sprooche verschécken?
  • D’Sproochegesetz vun 1984 gesäit vir, datt de Bierger d’Wiel huet an enger vun eisen dräi administrative Sprooche mam Staat ze kommunizéieren. Wier et an deem Sënn net méi effizient, standardiséiert Bréiwer grondsätzlech a systematesch an deenen dräi Sproochen ze verschécken?
  • De Recours op déi portugisesch Sprooch an der Kommunikatioun vum Gesondheetsministère gouf mat der Erreechbarkeet vun enger méiglechst héijer Zuel vu Bierger begrënnt. Firwat ginn d’Bréiwer dann net och op Spuenesch, Italieenesch asw. verschéckt? Wëll d’Madamm Gesondheetsminister domat ausdrécken, datt eis portugisesch Matbierger sech am Géigesaz zu anere mat deenen dräi Sproochen Däitsch, Englesch a Franséisch besonnesch schwéier dinn? Leien der Regierung Zuele vir, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg just Portugisesch schwätzen?
  • Steet déi Äntwert net am Widdersproch zu der Ausso vun der Regierung, datt sou vill Lëtzebuergesch geschwat géif, wéi nach ni?
  • Gesäit d’Regierung am Benotze vun net administrative Sprooche bäi gläichzäitegem Verzicht op d’Lëtzebuergescht net eng seriö Benodeelegung vun de Lëtzebuerger an der Lëtzebuerger Sprooch? Wéi verdréit déi Praxis sech mat eiser Legislatioun iwwert d’Diskriminatiounsverbuet?

 

Deel dëse Post: