D’Regierung ass mat der Corona-Situatioun iwwerfuerdert!

Pressematdeelung vum 25. Januar 2021

Zënter elo bal engem Joer lieft Lëtzebuerg an engem Ausnamezoustand. D’Ënnerstëtzung fir der Regierung hir Politik hëlt of. Et feelt dëser Regierung u Format, Initiativ, Verantwortungsgefill a Wäitsiicht fir mat dëser Kris ëmzegoen. Déi „navigation à vue“, dat Hin an Hier vu Moossnamen, féiert zu engem Vertrauensverloscht an d‘Politik. Der ADR no ass et héich Zäit fir en neien Usaz an der Corona-Politik.  Si verlaangt,

  • kuerzfristeg Moossnamen, déi zu enger nohalteger Stäerkung vum Spidols- a Gesondheetssecteur féieren a besonnesch och en neit Spidolsgesetz (Gesetzesvirschlag vum Deputéierte Jeff Engelen) a konkret Moossname fir d’Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer ze verbesseren;
  • eng Ouverture vum Horeca-Secteur an aneren Entreprisen ënner adequate Sécherheetskonditiounen;
  • de komplette Retablissement vun alle verfassungsméisseg geschützte Rechter vun de Bierger an hire perséinleche Fräiheeten, inklusiv dem Respekt vun der Privatsphär an der Beweegungsfräiheet;
  • verstäerkte staatlech Ustrengunge fir d’Impfung vun der Populatioun ze erméiglechen, dat natierlech nëmmen op fräiwëlleger Basis a mat där Méiglechkeet fir jiddereen, den Impfstoff, mat deem ee geimpft gëtt, kënne selwer ze bestëmmen;
  • en onofhängege Rapport iwwer d’Gestioun vun der Corona-Situatioun zënter Mäerz 2020 an den Heemer fir eeler Leit oder Leit mat Behënnerung, de gesondheetleche Schutz vun de betraffene Leit an de Respekt virun hire Rechter an hirer Dignitéit.

D’ADR erënnert un hir Initiativen, déi si schonn am Fréijoer 2020 geholl huet, fir eist Land géintiwwer Krise méi widderstandsfäeg ze maachen. Et ass kloer, datt déi aktuell Politik net ka weidergefouert ginn. Nieft deenen dramatesche sozialen, schouleschen an ekonomesche Konsequenzen, leiden och vill Leit ënnert enger Verschlechterung vun hirer mentaler Gesondheet. Lëtzebuerg brauch eng nei Dynamik an eng nei Energie fir dës Kris ze meeschteren.

Deel dëse Post: