D’Rechter stäerke vun de Personaldelegéierten!

An enger parlamentarescher Fro mécht d’Ost-Deputéiert Alexandra Schoos Drock op d’Regierung, fir d’Rechter vun de Personaldelegéierten an der Fonction publique ze stäerken.

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Fonction publique weiderzeleeden.

Et ass evident, datt e Personaldelegéierten, esouwuel am ëffentlechen ewéi och am private Secteur, fir senger Aarbecht korrekt nozegoen an domat déi professionell Interête vum Personal kënnen ze vertrieden, onofhängeg muss kënnen operéieren an duerch dat allgemengt Aarbechtsrecht muss geschützt sinn. Dëst ass iwwerdeems och duerch d’Konventioun N°151 vun der OIT (Organisation internationale du Travail), déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet, festgehalen. Hei heescht et ë.a.: « Les organisations d’agents publics doivent jouir d’une complète indépendance à l’égard des autorités publiques. » Des Weideren ass an der besoter Konventioun festgehalen: « (…) l’exercice des droits syndicaux peut parfois impliquer que l’on critique les autorités des institutions publiques en tant qu’employeurs (…) »

Iwwerdeems dës fundamental Dispositiounen am private Secteur respektéiert ginn, ass dat am ëffentleche Secteur zu Lëtzebuerg net de Fall.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Ass den Här Minister der Meenung, datt déi selwecht aarbechtsrechtlech Protektioun vum Personaldelegéierten, déi am private Secteur gëllt, och am ëffentleche Secteur misst gëllen?
  2. Wéi ass et an den Ae vum Här Minister ze veräntwerten, datt Lëtzebuerg, doduerch datt déi aarbechtsrechtlech Protektioun vum Personaldelegéierten an der ëffentlecher Fonctioun net respektéiert gëtt, géint d’Konventioun N°151 vun der OIT verstéisst, déi eist Land jo awer ratifizéiert huet?
  3. Wéi gedenkt den Här Minister elo konkret virzegoen, fir dëser Situatioun méiglechst séier Rechnung ze droen, esou datt de Personaldelegéierten am ëffentlechen Déngscht de selwechte Schutz garantéiert gëtt ewéi am private Secteur?
  4. Wäert d’Regierung elo och am Recht vum ëffentlechen Déngscht déi néideg gesetzlech Bestëmmunge schafen, déi e besonnesche Schutz fir Personaldelegéierter virgesinn, sou wéi dat am Aarbechtsgesetz de Fall ass?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos – Deputéiert

Deel dëse Post: