D’Press mat berufsspezifesche Fuerderungen

Am Kader vun den ADR-Entrevue huet de Fernand Kartheiser d’Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot, an de Luc Caregari, Komiteesmember, empfaang. Et koum zu engem gudde Gespréich iwwer d’Haaptfuerderungen von der offizieller Vertriedung vun der Lëtzebuerger Press. De Presserot wëll gesetzlech Dispositiounen fir Informatiounen vu Regierung a Verwaltungen ze kréien.Och méi Kloerheet, wat “Whistleblowers” ugeet an aktuell EU-Pläng an dësem BeräICH gëtt verlaangt. De Presserot mécht sech och Gedanken iwwert d’Medienerzéiung an iwwert d’Medievillfalt. De Fernand Kartheiser ass e Verfechter vun der Presse- a Meenungsfräiheet, deen a méi wéi enger Diskussioun op der Säit vum Presserot stoung. Hien hat dunn och zu den aktuellen Fuerderungen eng oppen Haltung, ouni awer am Detaill mat Presserot ëmmer op enger Linn ze leien.

Deel dëse Post: