D’Police-Gewerkschaft an Entrevue bei der ADR


E Méindeg, den 24. November, war eng intressant Entrevue vun der Police-Gewerkschaft SNPGL (Syndicat national de la Police Grand-Ducale Luxembourg) beim ADR. D’Delegatioun vun der Polizei ass vum Deputéierten Fernand Kartheiser empfaang ginn. D’Entrevue huet net nëmmen em e Problem gedréit, deen déi geplangten Gehälterreform beim Staat fir d’Police-Kommissären schaaft. Zur Sprooch koumen och Schwieregkeeten bei der Ausbildung vun neien Polizei-Beamten an hir Schoul-Carrière, d’Personalnout bei den Uerdnungskräften an d’Fro vun der juristescher Hëllef, déi engem Polizist zoukënnt, dee sech wéinst sengem Déngscht muss geriichtlech veräntweren. Wat de Carrièresproblem ugeet, deen duerch d’Gehälterreform vun der Regierung entsteet, huet de Fernand Kartheiser d’ADR-Positioun repetéiert: Als Partei si mär an dëse Krisenzäiten géint eng Gehaltserhéigung beim Staatsdéngscht. D’ADR mengt, dat wär an Zäiten, wou all Bierger muss Affer bréngen, dat falscht Zeechen, wat d’Regierung géing ginn. Am Fall, deen Police-Gewerkschaft presentéiert, geet et awer just em eng gerecht Behandlung ouni eng Carrière op d’Kopp ze geheien. Wat d’Gewerkschaft fuerdert ass och net méi, wéi dat, wat d’Beamten am Ament de facto hunn. Op der Photo stinn d’SNPGL-Vertrieder Alain Nicolay, Marco Richard, Steve Barbangelo, Pascal Ricquier a Christian Pierret (v.l.) beim Fernand Kartheiser (2. v. r.).

Deel dëse Post: