Wien zu Räichel am Summer 2025 ënnerwee war, konnt sech freeën: De laang erwaarte Kreessverkéier war endlech fäerdeg – d’Baggere fort, d’Schëlter opgeriicht, an de Verkéier sollt nees fléisse wéi eng gutt geschmierte Maschinn. Mä wéi esou dacks am Liewen: Kaum hat ee sech dru gewinnt, stoungen am Hierscht nees Aarbechtsween do, d’Luuchten hu geblénkt an d’Chauffere konnten hir Gedold op en Neits testen.
Dat huet bei ville Bierger fir Verwonnerung a Fragezeichen am Gesiicht gesuergt: Ass de Kreessverkéier elo fäerdeg – oder nach ëmmer am Opbau? Fir e bësse Liicht an dës zweet Bauphas ze bréngen, haakt den Norddeputéierte Michel Lemaire beim zoustännege Minister no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
De Kreessverkéier zu Räichel gouf am Summer 2025 fäerdeggestallt. Allerdéngs ass et am Hierscht vum selwechte Joer erëm zu Aarbechten um Kreessverkéier komm. Bedéngt duerch des Aarbechten war de Verkéier beanträchtegt, wat evidenterweis nees mat zousätzleche Waardezäiten fir d’Chauffere verbonne war.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Madamm Minster:
- Wat war de Grond, respektiv wat waren d’Grënn, firwat – nodeems de Kreessverkéier am Summer fäerdeggestallt gouf – am Hierscht nees hätt missen dru geschafft ginn?
- Wéi chiffréieren sech d’Käschten fir déi zousätzlech Aarbechten am Hierscht?
- Ass deen uewe beschriwwene Fall an den Ae vun der Madamm Minister éischter e Cas unique oder kënnt et méi dacks vir, datt un engem Verkéiersprojet, deen am Prinzip ofgeschloss ass, nees muss nogebessert ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn heifir?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten