D’Nordstrooss muss véierspuereg ginn!

Mat fadenscheinege Begrënnungen argumentéiert eis Regierung géint de véierspueregen Ausbau vun der Nordstrooss bis op d‘Wemperhaart. Hei soll et ë.a. ëm de Naturschutz goen. Am Süden an dem Zentrum vum Land ginn et awer hei keng Bedenken. Beim geplangten Ausbau vun der Nordstrooss gesäit een: De Norde bleift d’Stéifkand vum Land! De François Bausch schwätzt dovun, datt d’Streck vun haut 20 Meter méi breet gemaach misst ginn, fir datt een eng Autobunn baue kéint. An dobäi huet ni een de Bau vun enger Autobunn gefuerdert.

D’ADR plädéiert fir eng véierspuereg Schnellstrooss mat enger duerchgoender Vitess vun 110 km/h, déi mat enger Leitplank an der Mëtt ofgeséchert ass.  Esou Stroossen hu mir iwwregens schonn am direkte Grenzgebitt, z.B. déi belsch N4 tëscht Baaschtnech an Arel, déi scho plazeweis véierspuereg ass. Dës Strooss ass och net méi breet. A punkto Breed: Firwat gëtt sech elo am 400-Milliounen-Euro schwéiere Regierungsprojet ob eng Standspuer fixéiert, déi ee méi breet maache kéint, esou datt ee problemlos eng véiert Spuer hätt?

400 Millioune sollen elo investéiert gi fir e Projet, deen, wann e fäerdeg ass, scho rëm iwwerholl a iwwerfuerdert ass. Esou wéi et ausgesäit, wäerten elo och nach eis Kanner, esou wéi déi Leit, déi all Dag op dës Streck ugewise sinn, mat onméigleche Verkéierszoustänn am Norde konfrontéiert sinn. Mir begréissen zwar d’Verlängere vun der Autobunn ëm zwee Kilometer an och de Contournement vun Housen an Hengescht, dëst geet allerdéngs net duer. Fir d’ADR ginn et hei keng Kompromësser: Mir wäerten net ofréckele vun eiser Iddi vun engem bluttnoutwennegen Ausbau vun der Nordstrooss op véier Spuere bis op d’Wemperhaart.

Deel dëse Post: