D’Nora Back ass onéierlech a kennt den ADR-Walprogramm net!

D’Madamm Back huet den ADR-Walprogramm net gelies!

 Pressematdeelung vum 27. September 2023

An dëser Walcampagne ass d‘ADR nach méi wéi fréier zu enger Zilscheif vu Leit ginn, déi de Meenungspluralismus an eiser Gesellschaft anscheinend net wierklech appreciéieren.

Déi eng probéieren d’ADR gläich ganz aus der politescher Diskussioun auszeschléissen, anerer verdréinen d’Aussoen, déi d’ADR mécht, esou, datt si an hiren Anti-ADR-Diskurs solle passen.

An dës Kategorie passt och déi Ausso, déi d’Presidentin vum OGBL de Moien op RTL gemaach huet:

“D’ADR bréngt et fäerdeg, um Dossier vun de Pensiounen e rassisteschen Discours eran ze bréngen, andeems se total an de Katastrophismus verfält. ‘D’Rentemauer kënnt, mir kënnen d’Prestatiounen net méi op deem Niveau halen, wou se haut sinn- ausser fir d’Lëtzebuerger’ an da stelle se d’Exportabilitéit fir d’Frontalieren a Leit vun anerer Nationalitéit a Fro.”

Dës Duerstellung vum ADR-Walprogramm ass fräi erfonnt. Richteg ass awer, datt d’ADR fir eng Pensiounsreform antrëtt, fir d’Sécherheet vun de Rente laangfristeg ofzesécheren a fir d’Wuesstemsproblematik besser an de Grëff ze kréien. Richteg ass och, datt d’ADR sech wëll bei esou Diskussiounen, änlech ewéi z.B. d’Zentralbank, d’IGSS an den CES, op faktuell Etüde baséieren, déi d’Entwécklungen analyséieren, fir déi néideg Conclusioune kënnen ze zéien. Dozou gehéieren och markant Tendenzen an de Bilanen vun eiser Ekonomie, inklusiv dem Impakt vum Export vu Sozialleeschtungen, deen zu Lëtzebuerg séier wiisst. Eng Ënnerscheedung vun de Pensiounsleeschtungen no Nationalitéit vum Beneficiaire gëtt et am ADR-Programm net.

D’ADR invitéiert d’Madamm Back, an der politescher Diskussioun e sachlechen Toun ze benotzen a faktuell richteg ze argumentéieren, amplaz mat falschen Argumenter Stëmmung géint eng Partei ze maachen, déi d’Problemer vum Land wëll am Intressi vun alle Leit léisen.

D’ADR bedauert, datt d’Madamm Back d’ADR emol net op d‘Table ronde vum OGBL agelueden huet an och soss all Dialog scho vu virera verweigert.

 

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: