D’Migratiounspolitik vu Lëtzebuerg a vun der EU muss änneren!

E Mëttwoch ass elo den ëmstriddenen Asyl- a Migratiounspak zu Bréissel am EU-Parlament gestëmmt ginn. Déi nei Reegelunge gesinn ënner anerem e Solidaritéitsmechanismus vir, iwwert dee bis zu 30.000 Asylbewerber d’Joer aus den Ukonftslänner an aner EU-Staaten ëmgesidelt ginn. EU-Länner, déi net dozou bereet sinn, musse fir all ofgeleente Migrant eng Geldstrof bezuelen oder soss anzwousch e Bäitrag zum Schutz vun de Baussegrenze leeschten.

Fir d’ADR ass dem Här Banneminister Léon Gloden seng Reaktioun op dee Vott net nozevollzéien. Hie begréisst deen „positive Votum”. D’ADR ass der Meenung, datt dee Pak, esou wéi e gestëmmt gouf, de Problem net léist an och warscheinlech a wichtegen Deeler iwwerhaapt net ëmgesat gëtt. Dat ass fréistens an e puer Joer ofzeschätzen. Wärend där Zäit besteet de Problem virun – och hei zu Lëtzebuerg. Zënter Méint ass et jo sou, datt Migranten zu Lëtzebuerg trotz enger Demande op Asyl keen Ënnerdaach hunn an op der Strooss musse schlofen. Grad ewéi aner Länner, stéisst Lëtzebuerg nämlech u seng Grenzen.

D’Heemer sinn iwwerfëllt, d’Better beluecht an d‘Flüchtlinge konkurréiere mat den Inlänner ëm déi wéineg Sozialwunnengen. D’Integratioun funktionéiert schlecht, de Bildungssystem ass iwwer-fuerdert a vill Flüchtlinge ginn och no Joren net schaffen, mee liewe vu staatlecher Sozialhëllef. Et kënnen net nach méi Migranten opgeholl ginn, ofgesi vun deenen, déi tatsächlech e Recht op Asyl hunn oder déi iwwer legal Weeër areesen.

Fir d’ADR sinn d’Léisungsusätz kloer:

  • Irregulär Migratioun op Lëtzebuerg an an d’EU gëtt gestoppt. Aner Länner, wéi beispillsweis Australien, maachen et vir. Et ass machbar!
  • D’Asylrechtskonventioune ginn endlech agehalen, ewéi och déi europäesch Rechtsakten, déi virgesinn, datt d’Demanden am Ukonftsland behandelt ginn.
  • All direkt an indirekt Schleiseraktivitéite gi resolut bekämpft an haart bestrooft.
  • Den Asylmëssbrauch gëtt gestoppt. Vill Asylbewerber sinn eigentlech Wirtschaftsmigranten an hunn domat kee Recht op Asyl.
  • Asylbewerber, deenen hir Demande ofgeleent gëtt oder déi stroffälleg ginn, gi séier an ouni ëmständlech Prozeduren ausgewisen.
  • D’Asylakte gi reegelméisseg iwwerpréift: Wie kee Schutz méi brauch, muss zeréck a säi Land. Asyl ass net dat selwecht ewéi Immigratioun an ass zäitlech begrenzt.
  • International Accorde ginn ausgehandelt, fir Réck- an Iwwerféierungen an aner sécher Staaten ze erméiglechen.

Europäesch Rechter gi mat Féiss getrëppelt, wouduerch och d’Mënscherechter an d’Dignitéit vum Mënsch net méi kënne geschützt ginn. Et gëtt héich Zäit, datt Lëtzebuerg sech fir eng aner, méi realistesch an domat mënschewierdeg Migratiounspolitik entscheet an asetzt!

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: