Esou vill gutt Politiker gëtt et net hei am Land, dass mir eis kinnten erlaaben, se no zwou Amtszäiten an d’Pensioun ze schécken. An dat esouguer, andeems mer dem Wieler géingen d’Méiglechkeet huelen, selwer ze décidéieren, op se e Politiker nach eng Kéier wëllen eremgesinn oder net.

 

Sommaire

1. De Wielerwëlle respektéieren
2.Inkohärenz: nëmme fir d’Regierung?
3. D’Fro ass net kloer gestallt.
4. De Prinzip vun der limitéierter Mandatszäit nëmme fir ganz mächteg Posten.
5. Politesch Mandater: méi wichteg Problemer
6. Virdeel an den europäesche Ministerréit
7. Alternativ Propose vun der ADR
ANNEXEN
Formuléierung vun der Referendumsfro
ADR-Walprogramm


1. De Wielerwëlle respektéieren
D’ADR akzeptéiert keng Aschränkung vum fräie Wielerwëllen.
De lëtzebuerger Walsystem erlaabt et, Politiker eenzel mat enger oder zwou Preferenzstëmmen ze „belounen“, sief et op enger eenzeger Lëscht, sief et duer de Panachage. Iwwert dëse Walsystem gi regelméisseg Politiker, an och Ministeren ofgewielt oder kommen esou wäit no hannen op hirer Lëscht, datt hir Partei se net méi mat an d’Regierung kann huelen, ouni dem Wielerwëllen ze widderspriechen.
Ëmgedréint ginn och Politiker, dorënner Ministeren fir hir gutt Aarbecht mat dëse Preferenzstëmme „belount“. Et gëtt awer kee Minister „forcéiert“, och net vum Wieler, op sengem Stull ze pechen, och net méi wéi 10 Joer laang.
Och all Partei ka fir sech, z.B. iwwert d’Statuten, decidéieren, fir d’Mandater vun hire Memberen ze limitéieren. Dëst gëllt net nëmme fir Mandater an der Regierung.
Esoulaang de Wieler engem bestëmmte Politiker säi Vertrauen ausschwätzt, soll deen och e Mandat kënnen ausüben, dat dem Wahlresultat entsprécht.

Uewen op d’Säit

2. Inkohärenz: nëmme fir d’Regierung?
D’ADR wonnert sech, datt sou eng Aschränkung nëmme soll fir d’Membere vun der Regierung gëllen.
Wéi sou gëllt déi Aschränkung vun der Mandatsdauer net och fir aner politesch Mandater? Et feelt do un Argumenter an Erklärungen, fir déi Inkohärenz vun der Säit vun de Regierungsparteien! Wann d’Regierung an hirer Logik d’Mandater vu politesch Responsabler op 10 Joer wëllt begrenzen, da misst dat selwecht jo z.B. an de Gemengen och fir de Buergermeeschter oder Schäffe gëllen.

Uewen op d’Säit

3. D’Fro ass net kloer gestallt.
Eng Fro, déi vill Froen opstoe léist.
D’Fro, op déi de Bierger beim Referendum muss äntweren, ass iwwerhaapt net kloer! Wéi laang muss e Minister oder Staatssekretär no 10 Joer pausen ? Laut der Regierung ass dat eng Legislaturperiod. Dëst kann awer och z.B. nëmmen 1 Joer daueren, bei enger Regierungskris.
Wéini fänken déi 10 Joer un ze lafen? Laut der Regierung fänke mer eréischt un, no dem Akraafttriede vun der Verfassungsreform ze zielen, also fréistens 2018. D’Fro vum Referendum, déi mer haut diskutéieren, géif fréistens 2028 a Kraaft trieden, an esou kéint z.B. de Jean Asselborn an Nicolas Schmit nach 10 Joer méi laang Minister bleiwen. Esou wäit zur Konsequenz vun der Dräierkoalitioun.
D’ADR hätt zumindest erwaard, datt dës Aspekter konkret an der Fro an iwwert eng Propositioun fir den Text vun der Verfassung, gekläert wären, a verléisst sech net op Versprieche vun engem Parteipresident.

Uewen op d’Säit

4. De Prinzip vun der limitéierter Mandatszäit nëmme fir ganz mächteg Posten.

E lëtzebuerger Minister ass kee President vun Amerika.
De Prinzip vun enger limitéierter Mandatszäit gëtt am Ausland applizéiert, dëst awer generell nëmme fir ganz mächteg Positiounen, wéi fir de President vun Amerika oder dee vu Frankräich. Et sinn dëst zwee Beispiller, wou déi respektiv Verfassung dem President, deen duerch allgemeng Wale gewielt gëtt, immens vill Pouvoire gëtt.
D’ADR ass der Meenung, datt dëst a kengem Fall mat de Pouvoiren ze vergläichen ass, déi e Member vun der lëtzebuerger Regierung a senger Funktioun ausübt.

Uewen op d’Säit

5. Politesch Mandater: méi wichteg Problemer
D’ADR erkennt ganz aner a vill méi wichteg Problemer am Beräich vun der Diskussioun vun de politesche Mandater.
Iwwer dës Punkte kéint a sollt een diskutéieren:
• de Prinzip vun der Ernennung vun enger net gewielter Perséinlechkeet als Member vun der Regierung;
• de Cumul vun engem Deputéiertemandat mat engem gemengepolitesche Mandat;
• de Cumul vun engem Mandat am Staatsrot mat dem vun engem Magistrat, engem Buergermeeschter oder engem Schäffen.

Uewen op d’Säit

6. Virdeel an den europäesche Ministerréit
D’Gewiicht vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun mat Erfahrung ausgläichen
Lëtzebuerg kritt et ëmmer méi schwéier, sech an der Europäescher Unioun duerchzesetzen. Am Géigendeel, et gëtt ëmmer méi op dat kléngt Lëtzebuerg geklaapt, z.B. a Finanz- a Steierfroen. Ee vun de Virdeeler vu Lëtzebuerg an de Ministerréit war, datt Ministeren dacks méi eng laang Mandatszäit hate wéi hir auslännesch Kollegen, an esou d’Gréisst vum Land zu Deel konnten duerch Erfahrung ausgläichen.

Uewen op d’Säit

7. Alternativ Propose vun der ADR

Fir d’Demokratie zu Lëtzebuerg ze verbesseren, proposéiert d’ADR z.B. eng méi gerecht Verdeelung vun de Mandater am Staatsrot, eng Reform vum Walsystem (en eenzege Walbezierk fir d’ganz Land oder d’Upassung vun den Deputéiertemandater pro Bezierk virun all Wal) an direkten Zougang vum Bierger op d’Verfassungsgeriicht (Cour constitutionelle) an eng Reform vum Fraktiounsstatus an der Chamber.

Uewen op d’Säit

ANNEXEN

Formuléierung vun der Referendumsfro
«Approuvez-vous l’idée de limiter à dix ans la durée maximale pendant laquelle, de façon continue, une personne peut faire partie du gouvernement ? »
«Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d’Zäit, während där eng Persoun ouni Ënnerbriechung an der Regierung däerf sinn, op maximal 10 Joer ze begrenzen?»
«Befürworten Sie die Idee, die Dauer während der eine Person ohne Unterbrechung in der Regierung sein darf, auf maximal zehn Jahre zu begrenzen?»

Uewen op d’Säit

ADR-Walprogramm
Was die Trennung der politischen Mandate angeht, tritt die ADR dafür ein, dass ab den Parlamentswahlen 2018 ein Mandat als Abgeordneter nicht mehr vereinbar ist mit der Funktion eines Bürgermeisters oder Schöffen.
Gleichzeitig möchte die ADR auch, dass eine Mitgliedschaft im Staatsrat ebenfalls unvereinbar mit der Funktion eines Bürgermeisters oder Schöffen ist.
Hingegen ist die ADR gegen eine Beschränkung der sukzessiven Mandate auf zwei Amtsperioden, weil sie der Auffassung ist, dass der Wähler selbst diesbezüglich eine Entscheidung treffen sollte.

Uewen op d’Säit