D’Logementspräisser kéinten direkt reduzéiert ginn!

Et ass einfach net ze verstoen: D’Regierung schwätzt sech de Mond fuseleg iwwert déi dramatesch Logementsproblematik zu Lëtzebuerg. An dobäi weist de Roy Reding a senger Interventioun vum 10. Dezember ganz däitlech, datt d’Regierung mat hiren onsägleche Mesurë mat schëlleg ass, un der Deierecht vun de Präisser. Wann Gambia d’TVA op Miet-Wunnenge vun dräi op 17 Prozent eropsetzt a sech da wonnert, datt déi kleng Leit an eiser Gesellschaft net méi iwwert d’Ronne kommen, da soll eis Regierung sech eeschthaft froen, ob si iwwerhaapt nach capabel ass, e Land ze féieren. De Bezuch zu de sougenannten aarme Schafferten hunn eis Kaviar-Ministeren, déi iwwerzeegt sinn, dem Land géif et sou gutt goen, wéi nach ni virdrun, souwisou scho laang verluer. An dobäi proposéiert den Zentrumsdeputéierten eng ganz Rei u Mesuren, déi DIREKT gräife géifen an d’Präisdeierecht stoppen oder esouguer reduzéiere géifen. Et kann een sech an deem Kontext eeschthaft d’Fro stellen, ob d’Regierung et iwwerhaapt eescht mengt bei der Logementsproblematik – eng Politik, bei där nämlech virun allem déi Räich profitéieren.

Deel dëse Post: