D’Logementsdebatt ass och d’Wuesstemsdebatt

D’ADR begréisst de Wunnprojet “Itzigerknupp”, wou abordabele Wunnraum geschaaf soll ginn. Abordabele Wunnraum bleift nämlech fir vill Leit am Land just en Dram, ëmmer méi Lëtzebuerger ginn dofir iwwert d’Grenz wunnen. A senger Chambersinterventioun vum 19. Dezember betount den Tom Weidig, datt een an deem Kontext d’Logementsdebatt net ouni d’Wuesstemsdebatt féieren däerf. Den onkontrolléierte Wuesstem ass d’Ursaach, firwat d’Wunnengspräisser an de leschte Joren esou explodéiert sinn. Fir d’ADR ass kloer, datt een déi negativ Konsequenze vum Turbowuesstem net mat ëmmer neiem, onmoossege Wuesstem bekämpfe kann. Méi baue bedeit ëmmer méi Drock op de Wunnengsmaart. Den ADR-Zentrums-Deputéierte vermësst och bei där neier Regierung e kloert Konzept, wou Lëtzebuerg an Zukunft histeiere soll.

 

Deel dëse Post: