D’Lëtzebuerger Finanzplaz a Gefor

Lëtzebuerg ass déi gréisste Fongeplaz an Europa an déi zweetgréissten op der Welt, domat verbonne sinn eng Rei un impressionnanten Zuelen: Iwwert 4000 Milliarden Euro (!) un Investmentfonge ginn zu Lëtzebuerg verwalt, ronn 13.000 direkt Aarbechtsplaze fir Lëtzebuerg hänken domat zesummen an 1 Milliard Euro vun de jäerleche staatleche Recettë ginn op de Fongebusiness zréck.

En europäeschen Projet de Réglement schreift elo vir, datt Fongen, bei deene Funktiounen an net EU-Länner outgesourct oder delegéiert ginn, net méi der Kontroll vun der Lëtzebuerger CSSF (Commission de Surveillance du Secteur Financier) ënnerleien, mee vun der ESMA (European Securities and Markets Authority) zu Paräis zougelooss a kontrolléiert ginn: Eng Katastroph fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz! De Grand-Duché war bei de Fonge bekannt fir seng Kompetenz a Reaktivitéit. De Finanzminister Pierre Gramegna huet an deem Kontext behaapt, Lëtzebuerg wär net zäitgerecht iwwert dee Beschloss informéiert ginn. De Minister vergësst awer ze soen, datt d’ESMA duerchaus virdru schonn en Avis erausginn huet, et gouf eng consultation publique ofgehalen op déi och aner Länner an Organisme reagéiert hunn – d’Lëtzebuerger Regierung awer net… 
Kloer Wieder goufen et och iwwert déi geplangten Amëschung vun der Europäescher Zentralbank an d’Lëtzebuerger Handhabung iwwert d’Kreditvergab. Datt elo vun EU-Séit legiferéiert soll ginn, ass méi wéi absurd, besonnesch well d’Lëtzebuerger CSSF haut schonns streng Reegele fir d’Kreditvergab festgeluecht huet. Et däerf net sinn, datt ee Mënsch, deen hei am Land vollzäit schafft an eng sécher Pai huet, an Zukunft kee Kredit méi kritt fir Proprietär vun enger Wunneng ze ginn a paradoxerweis schlussendlech all Mount ee Loyer muss bezuelen, dee méi héich ass ewéi de Remboursement vum Kredit.

De Finanzminister schéngt all Interêt drun ze hunn, d’Lëtzebuerger marge de manoeuvre a Souveränitéit a Saache Finanzpolitik un d’EU ofzeginn…

Highlights vun der Pressekonferenz:

Kuckt hei d’Pressekonferenz a voller Längt (Video ’41”11).

 

 

 

Deel dëse Post: