Déi rezent Enthüllungen iwwert eng automatiséiert Offro an den Import vu persounebezunnenen Daten duerch d’Lëtzebuerger Arméi am Kader vun der Aféierung vun engem neien SAP-Verwaltungssystem werfe fundamental Froen iwwert den Ëmgang vum Staat mat sensible Biergerdaten op. Wat offiziell als reng technesch Migratioun vun engem Verwaltungssystem duergestallt gëtt, schéngt net nëmmen aktiivt Militärpersonal, mee och eng grouss Zuel vu fréieren Arméismemberen ze betreffen – deelweis nach Joerzéngte no hirem Déngscht.
An enger Zäit, an där d’Digitaliséierung vun der staatlecher Verwaltung ëmmer méi wäit geet, stellt sech eng zentral demokratesch Fro: Wéi wäit däerf de Staat bei der Sammlung, der Späicherung an der automatiséierter Veraarbechtung vu persounebezunnenen Date goen, ouni Transparenz, Verhältnisméissegkeet an d’Grondprinzipie vum Dateschutz ze verletzen? Wann Date vu fréieren Arméismemberen ouni kloer ëffentlech Debatt oder erkennbar Noutwennegkeet nei verschafft ginn, entsteet den Androck, datt technesch Moderniséierung iwwer de Schutz vun der Privatsphär gestallt gëtt.
Virun dësem Hannergrond ass et d’Aufgab vum Parlament, fir vollstänneg Opklärung ze suergen: Wien ass betraff, firwat goufen dës Daten iwwerhaapt esou laang konservéiert – a wien dréit déi politesch Verantwortung dofir, datt sensibel perséinlech Daten offensichtlech wäit iwwer hiren ursprénglechen Zweck eraus weiderveraarbecht goufen?
Den Zentrumsdeputéierten Tom Weidig leet de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.
Rezent gouf an de Medien an op de soziale Netzwierker doriwwer bericht, datt am Kader vun der Aféierung vun engem neien SAP-Verwaltungssystem eng automatiséiert Konsultatioun an den Import vu persounebezunnenen Daten aus dem „registre national des personnes physiques“ (RNPP) duerch d’Lëtzebuerger Arméi stattfonnt huet.
Laut Communiqué vum Etat-major vum 10. Abrëll 2026 soll dës Veraarbechtung, déi am Kontext vun enger technescher Migratioun vum fréiere System „GIAL“ op en neit ERP-System geschitt ass, aktiv an och fréier Membere vun der Arméi betraff hunn.
Am Zesummenhang mat de Bestëmmunge vum Reglement (UE) 2016/679 (RGPD), besonnesch nom Prinzip vun der „limitation de la conservation“, stellt sech awer eng Rei Froen zu der Noutwennegkeet, dem Ëmfang an der Dauer vun der Dateveraarbechtung.
Virun dësem Hannergrond hätt ech follgend Froen un d‘Regierung:
- Wéi vill Persounen (jeeweils aktiv a fréier Arméismemberen) waren insgesamt vun dëser Dateveraarbechtung betraff?
- No wéi enge Kriterie gouf festgeluecht, wéi eng Persoune beim Datenimport berücksichtegt goufen, besonnesch wat fréier Arméismembere betrëfft?
- Wéi laang ass d’Konservéierungsdauer vun dësen Daten a wien decidéiert iwwer dës Dauer?
- Aus wéi enge konkrete gesetzlechen oder administrativen Ursaache ginn Date vu fréieren Arméismemberen iwwer esou vill Joren oder Joerzéngte konservéiert?
Mat déiwem Respekt, Tom Weidig
Deputéierten