D’Leit brauche Stroum, keng Energieberodung, fuerdert de Roy Reding

Bei der Diskussioun vum Gesetz iwwer de Stroummaart zu Lëtzebuerg, den 21. Mee an der Chamber, huet de Roy Reding déi Fro gestallt, déi ville Leit um Häerz läit: Wéini gëtt et zu Lëtzebuerg verbueden, Leit, déi hir Stroumrechnung net kënne bezuelen, einfach oofzepëtzen. Aktuell kann een hinnen hir elektresch Killapparater zwar net konfiszéieren, mä dat hëlleft jo net vill, wa se kee Stroum hunn.

Video vun der Tëschefro vum Roy Reding.

Deel dëse Post: