D’Land brauch gutt Medezinstudien

De Jeff Engelen huet sech un der Chambertribün fir e Gesetz ausgeschwat, wat d’Medezinstudien hei am Land besser reegelt. Dat éischt Joer Medezin un der Uni Lëtzebuerg mat knapp 50 Studieplazen an de Nopeschlänner gëtt hei gereegelt, mee och zwee Masteren un der Uni fir Generaliste gi geschaaf. Schliislech gëtt d’Finanzéierung vum Medezinstudium zugonschte vun de Studente besser organiséiert. De Jeff Engelen huet d’Wichtegkeet fir d’Land vu Medezinstudien ervirgestrach, grad well Lëtzebuerg sech net ëmmer kann op d’Ausland verloossen, wat d’akademesch Formatioun ugeet. An hien huet och rappeléiert, datt Doktere rar sinn an an de nächste Joeren nach vill méi rar wäerte ginn.

Deel dëse Post: