Diskriminatioun vu männlechen Asylbewerber

Weiblech Asylbewerber kréien zu Lëtzebuerg ënner all Ëmstänn en Dag iwwert dem Kapp gestallt, esou guer, wann si illegal areesen a schonn en aneren EU-Staat hinnen eng Iwwernuechtungsméiglechkeet zur Verfügung stellt. D’Männer ginn dogéint méi streng kontrolléiert a riskéiere fir d’éischt op eng Waardelëscht ze kommen. Déi Zäit mussen si d’Nuecht hei am Land op der Strooss verbréngen oder an dat legal zoustänneg Land zeréckgoen. Firwat gëtt déi u sech richteg Praxis nëmmen op ee Geschlecht ugewannt? Verstéisst d’Regierung domat net géint hir eegen Diskriminatiounsgesetzer?

 

Deel dëse Post: