Diskriminatioun bei Pellet-Subventiounen?

Dem Gesetz no sollt all Bierger seng Pellets subventionéiert kréien, wat awer net ëmmer de Fall ass. D’ADR freet d’Regierung no enger Begrënnung.

Parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Mam Gesetz vum “23 décembre 2022 instituant une contribution étatique visant à limiter la hausse des prix des granulés de bois pour le chauffage primaire des ménages privés” gouf zu Lëtzebuerg eng Bäihëllef fir Pellets fir ze hëtzen, vun 200 Euro/Tonn bei engem maximale Volume vu fënnef subventionéierten Tonnen iwwert den Zäitraum vum Kalennerjoer 2023 decidéiert. Esou wéi et mir zougedroe gouf, si Bierger, déi hir Pellets an Tute verpaakt beim Fournisseur bestellen oder an engem Geschäft kafen, vun dëser Moossnam ausgeschloss.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Energieminister gär dës Fro stellen:

1) Kann den Här Minister elaboréieren, wéi dëst begrënnt ass? Stellt den Ënnerscheed net eng Diskriminatioun vun deene Leit déi hir Pellets an Tute kafen duer, géintiwwer anere Consommateuren?

2) Wär et net méiglech eng Léisung anzeféieren, fir deene private Consommateuren déi hei am Land wunnen eng Subventioun fir Pellets an Tuten ze ginn? Wär er net méiglech fir esou eng Subventioun och réckwierkend ze accordéieren?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

 

Deel dëse Post: