Direktverbindung Lëtzebuerg-Moskau?

Déi russesch Fluchgesellschaft S7 Airlines (S7) baut hiert Netz vun Direktverbindunge mat europäeschen Destinatiounen aus. Dofir ass et net ganz verwonnerlech, datt den Ambassadeur vun der Russescher Federatioun zu Lëtzebuerg, den Här Dmitry Lobanov, an engem rezenten Interview mat Radio Ara duerchblécke gelooss huet, datt et zu engem Accord tëscht Luxair an S7 komm wier, wat eng Direktverbindung tëscht Moskau a Lëtzebuerg ugeet, eng Optioun, iwwer déi schonns säit Joren diskutéiert gëtt. Ass dës Ukënnegung fiabel?

Deel dëse Post: