Diplomatesch Vertriedung vu Lëtzebuerg an Argentinien

A Südamerika ass Lëtzebuerg op diplomateschem Niveau kaum vertrueden. De Fernand Kartheiser freet de Bausseminister, firwat dat keng Prioritéit fir d’Regierung  ass.

 

Fro:

Brasilien an Argentinien si politesch a wirtschaftlech gesi ganz wichteg Länner a Südamerika. Och hir global Bedeitung hëlt rasant zou.

An Argentinien ass Lëtzebuerg op diplomateschem Niveau just indirekt vertrueden duerch déi hollännesch Ambassade an – op konsulareschem Niveau – duerch d‘Belsch. Argentinesch Staatsbierger, déi e Visa fir op Lëtzebuerg ufroen, mussen dëse bei der belscher Ambassade oder engem belsche Konsulat ufroen. Bis elo huet Lëtzebuerg am ganze südamerikanesche Raum nëmmen eng eenzeg Ambassade.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn et Pläng vun der Regierung, fir eng Lëtzebuerger Ambassade an Argentinien opzemaachen? Wann nee, wat schwätzt géint dës Initiativ?

Äntwert:

D’Regierung ass sech der Wichtegkeet vum südamerikanesche Raum bewosst. Den Ausseministère evaluéiert konstant d’Configuratioun vun sengem Reseau vun Vertriedungen uechtert d’Welt, och an Latäinamerika, fir den lëtzebuergeschen Prioritéiten Rechnung ze droen, mat Berécksiichtegung vun de Ressourcen déi zur Verfügung stinn.
Am Moment ginn et keng Pläng fir an Argentinien eng Ambassade opzemaachen.

Deel dëse Post: