D’Integratiounsministesch Cahen muss äntweren!

… mécht et awer net!

Ass de CLAE (Comité de Liaison des Associations d’Etrangers) mat senge Virstellunge vun Demokratie en tragbare Partner vun der Lëtzebuerger Regierung? Dëst wollt de Fernand Kartheiser vun der Madame Integratiounsminister Corinne Cahen wëssen. D’Madame Cahen huet sech awer geweigert, dem Deputéierte seng parlamentaresch Fro ze beäntweren.

Et war der CLAE hire Fuerderungskatalog un de Formateur vun der neier Regierung, dee munch Froen opgeworf huet. Dobäi geet et ëm d’Aschränke vun der Meenungsfräiheet bei kriddelechen Themen, iwwer d’Ëmerzéiung vum Wieler duerhinner, méi Fraen an d’Politik ze wielen, bis hin zum Duerchsetze vum Auslännerwalrecht, trotz dem eendeitege Referendum.

Den Fernand Kartheiser gëtt sech mat enger Stellungnam ouni Äntwert net zefridden a fuerdert adequat Äntwerten vun der Madame Minister Cahen.

Nogefrot: Keng Äntwer kritt! Nach eemol nogefrot: Nach eemol keng Äntwerte kritt… D’Corinne Cahen ignoréiert weiderhin dem Fernand Kartheiser seng Froen a gëtt einfach guer keng Äntwerten. Skandaléis!

 

Deel dëse Post: