Digitaliséierung an CO2-Verbrauch

Am Koalitiounsvertrag tëscht den dräi Regierungsparteie gouf 2018 ee ganzt Kapitel der progressiver Digitaliséierung vun alle Beräicher vun der Wirtschaft a vum ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg als Zil formuléiert. Gläichzäiteg ass och d’Nohaltegkeet e wichtegt Zil vun der Regierung. Tëschent Nohaltegkeet an Digitaliséierung kënnen awer och Widderspréch bestoen. All Internet-Sich, all E-Mail, all Aktioun, déi online ausgefouert gëtt, reest als Datebündel duerch Rechenzentren an hir Serveren. Verschidde Berechnunge ginn dervun aus, datt d’Rechenzentre weltwäit all Joer tëscht 200 a 500 Milliarde Kilowattstonne Stroum verbrauchen. Zuelen tëscht 2000 Milliarden an 3000 Milliarde Kilowattstonne gi fir d’Joer 2030 virausgesot. Wat seet d’Regierung dozou?

Deel dëse Post: