Vill Leit benotzen Internet, fir Lëtzebuergesch ze léieren. D’Regierung schéngt an deem Kontext awer net ëmmer “up to date” ze sinn. Den Tom Weidig geet där Saach no.
Fro:
An de leschte Joren huet sech vill gedoen am Beräich vun den digitale Sproocheninstrumenter, déi d’Bierger dobäi ënnerstëtzen, entweder hir Mammesprooch besser ze schreiwen oder eis Nationalsprooch ze léieren, bzw. Texter op Lëtzebuergesch a vum Lëtzebuergeschen an aner Sproochen ze iwwersetzen. Fir vill Bierger ass et awer net ëmmer einfach, den Iwwerbléck iwwer déi disponibel digital Sproocheninstrumenter an hir technesch Funktiounsweis ze behalen.
Virun deem Hannergrond hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Kann d’Regierung preziséieren, wéi eng Organisatioun de Site „Spellchecker.lu“ bedreift a geréiert?
- Kann d’Regierung preziséieren, ob Texter, déi een am „Spellchecker.lu“ agëtt, op extern Serveren transferéiert ginn oder nëmmen um eegene Computer vum Notzer sinn? Wa jo, ass eng Sécherheetsanalys gemaach ginn? Wéi eng Garantien existéieren am Hibléck op Dateschutz an Zougang op dës Donnéeën?
- Recommandéiert d’Regierung och Organisatiounen, déi sensibel a vertraulech Texter schreiwen, de Site ze benotzen?
- Sinn am Bezuch op de Site “Spellchecker.lu” nach weider Entwécklungen oder Ännerunge virgesinn?
- Ënner munchen Ëmstänn kann d’Notze vum Site “Spellchecker.lu” ëmständlech sinn oder et feelt eng Funktionalitéit. Wéi eng aner Méiglechkeete stinn dem Bierger aktuell zur Verfügung, fir lëtzebuergesch Texter orthographesch oder grammatesch iwwerpréiwen ze loossen? Kann d’Regierung all d’Optioune mat hire Vir- an Nodeeler oplëschten? Ech denken do ënner anerem un:
- Aner Websäite wéi saz.lu;
- Korrektioun a Microsoft-Office-Programmer oder Freeware wéi Open Office;
- Korrektiounen am Windows oder dem Linux-Betribssystem selwer;
- Optiounen am Kontext vu mobillen Apparater, besonnesch fir Android an iPhone?
- Gëtt et do eng Hëllef fir de Bierger, wéi zum Beispill eng Websäit, en Erklärvideo oder eng Opklärungscampagne?
- Wéi eng aner digital Sproocheninstrumenter oder digital Servicer ginn aktuell vum ZLS oder vun aneren ëffentlechen Institutiounen am Beräich vun der lëtzebuergescher Sprooch ugebueden?
- Wéi ass den aktuelle Stand am Beräich vun der automatescher Transkriptioun vu geschwatem Lëtzebuergesch?
- Gedenkt d’Regierung, zesumme mam ZLS oder aneren Acteuren d’Entwécklung vun automateschen Iwwersetzungsinstrumenter fir d’Lëtzebuergescht weider ze ënnerstëtzen an ze verbesseren, oder setzt d’Regierung op déi bescht international Produkter wéi Google Translate oder DeepL, well dës lo gutt genuch sinn?
- Wéi een Iwwersetzungsinstrument ass dem ZLS no vun der Qualitéit hier dat bescht?
- Wéi kéinten automatesch Iwwersetzungsinstrumenter op staatlechen oder kommunale Säiten agesat ginn, ouni datt d’Qualitéit an d’Verständlechkeet vun den Informatiounen dorënner leiden?
- Ass beim LOD oder bei aneren digitale Sproocheninstrumenter virgesinn, systematesch Informatiounen zur Etymologie, also zur sproochlecher Hierkonft vu Wierder, unzeginn, bzw. bei all Wuert e Verweis ze maachen, ob et en original lëtzebuergescht Wuert ass, wéi “Manktem”, oder ob et aus enger anerer Sprooch “importéiert” gouf, wéi (fir beim selwechte Wuert ze bleiwen) “Mangel” an “Penurie”?
- Plangt d’Regierung, bei alle lëtzebuergeschen Texter, déi de Staat verëffentlecht, wa méiglech dat lëtzebuergescht Wuert ze benotzen, dat net aus enger anerer Sprooch kënnt, zum Beispill “dacks” amplaz vun “oft”, fir typesch Lëtzebuerger Wierder, déi et a soss kenger Sprooch ginn, héichzehalen an ze notzen?
- Mat der KI-Revolutioun kënne Sproochemodeller, bekannt als LLMs (“Large Language Models”), wéi ChatGPT feelerfräi Englesch schreiwen. Leider sinn LLMs nach net esou performant bei “klengen” Sproochen. De Grond heifir ass haaptsächlech deen, datt et am Engleschen, Däitschen a Franséischen Honnerte vu Milliounen Texter gëtt, op deenen en LLM trainéiert gëtt. Dat ass leider net méiglech fir eis “kleng” Sprooch. Ass sech d’Regierung dëser Problematik bewosst? Gedenkt si, mat de KI-Firmen zesummenzeschaffen an hinnen zum Beispill en Trainingsset vun héichwäertegen Texter ze ginn, fir hir LLMs ze trainéieren?
- D’Regierung hat 3,8 Milliounen Euro an eng App, LLO, gestach, déi awer (engem Tageblatt-Artikel vum 21. Mee 2026 no) un technesche Problemer, schlechte Bewäertungen an enger Notzerzuel, déi ofhëlt, leit. Wat gedenkt d’Regierung an deem Kontext ze ënnerhuelen?
- Wéi bewäert d’Regierung d’Méiglechkeet, fir mat de grousse Sproochen-Appe wéi Duolinguo zesummenzeschaffen, well dës Appe vu Millioune vu Leit benotzt ginn a praktesch feelerfräi sinn? Dës Appe sinn opgrond vun hirer Performanz aussergewéinlech populär a vill Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, froe sech, firwat si keng Lëtzebuergesch-Funktioun hunn.