Diddelenger Schmelz virun der Faillite

Et ass e Skandal vu politescher Arroganz, Kuerzsiichtegkeet a Verantwortungslosegkeet. 2018 zwéngt d’EU, d’Arbed, hir Diddelenger Schmelz un den dubiéise Konzern Liberty Steel ze verkafen. Kaum dräi Joer méi spéit, steet dee wéinst engem Korruptiounsskandal virun der Faillite. D’EU weist all Kritik vu sech, mee ass sech net ze schued, fir och nach eng Réckofwéckelung vun hirer fataler Feelentscheedung ze verhënneren. D’Arbed dierf d’Wierk net zeréckkafen. Am Fréijoer 2022 gëtt eng Liquidatioun vum Wierk ëmmer méi warscheinlech. D’Zukunft vun de betraffene Mataarbechter läit am Donkelen…

Deel dëse Post: