D’Haus energeetesch mat Waasserstoff sanéieren?

Zu Lëtzebuerg kënne Bierger en Deel vun hire Steiergelder iwwer Subside vum Staat erëmkréien, falls si sech decidéieren, hiert Haus energeetesch ze sanéieren. Duerfir huelen si awer eng ganz Rei Virschrëften zu der Art vun der Technologie a Kaf, déi besonnesch bei eeleren Haiser dacks net applikabel sinn. Wéi et der ADR zougedroe gouf, existéieren am Ausland eng Rei weider Alternativen, déi awer zu Lëtzebuerg net geneemegt ginn. De Fred Keup wëll vun der Regierung wëssen, wéi si dozou steet.

Fro

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Lëtzebuerger Bierger, déi hire Logement energeetesch sanéiere wëllen, kënnen ënner verschiddenen Ëmstänn vun enger finanzieller Hëllef duerch de Staat profitéieren. Allerdéngs si gängeg Technologien wéi zum Beispill Wärmepompelen besonnesch am Fall vun eelere Gebaier net ëmmer baulech kompatibel. Wéi et mir zougedroe gouf, si Waasserstoffanlage fir privat Haiser, déi souwuel beim Hëtze wéi beim Stroum eng Verbesserung vun der Energiebilanz géifen erlaben an sech och an deene meeschten Haiser verbaue loossen, allerdéngs net eligibel fir dës Subsiden.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Energieminister gär dës Fro stellen:

  • Kann den Här Minister dës Virgäng bestätegen? Falls jo, kann den Här Minister matdeelen, wéi déi Decisioun motivéiert ass an iwwert wéi eng Ausweechméiglechkeete Bierger verfügen, déi dës Ënnerstëtzung opgrond vun der bautechnescher Beschafenheet vun hirem Logement net an Usproch huele kënnen?

 

Dokument vun der Fro

Dokument vun der Äntwert

Deel dëse Post: