D’Handwierk huet vill konstruktiv Kritik

De 24. Januar gouf et e Gedanken- a Meenungsaustausch tëscht dem Handwierkerverband, der Handwierkerkummer an der ADR, mat Hibléck op d’Nationalwalen. Fir d’Presidente Michel Reckinger (Féderatioun des Artisans) an Tom Oberweis (Chambre des Métiers), d’Direktiounsmembere Romain Schmit (FdA) a Marc Gross (CdM) an d’ADR-Vertrieder Jean Schoos (President), Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding, Deputéiert, an de Mario Daubenfeld (Bezierkspresident Zentrum) war et e konstruktiven Dialog.

D’Handwierk brauch Ënnerstëtzung fir seng Betriber a fir seng Beruffsverbänn. D’Karriär vum Handwierker leit ënnert engem schlechten Image, deen och vun der Schoulorientéierung verbreet gëtt. Flott an usprochsvoll Beruffer ginn hei wéi Stoussnéckele behandelt, déi een nëmme léiere geet, wann ee sosss keng aner Méiglechkeet méi huet. D’Schoulkanner solle schonn an der Schoul d’Geleeënheet kréien, fir ze gesinn, wéi flott et an engem Handwierksbetrib ka sinn. Dëst hunn d’Vertrieder vum Handwierk net fir d’éischt gefuerdert.

Problemer huet d’Handwierk och, well net genuch Terraine fir d’Betriber do sinn a well schwiereg Prozeduren dacks der Entwécklung vu Betriber am Wee stinn. Fir Google schéinen esou Contraintë jo net ze gëllen. Och wat de Bau u sech ugeet, ass d’Hanwierk duerch restriktiv Amortissementsreegelen an duerch héich TVA-Säz gehandicapt. De Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg trëfft och d’Handwierker an d’Betriber, déi kaum Parkméiglechkeete fir d’Mataarbechter hunn.

Generell fillen d’Handwierksverttrieder sech net genuch verstanen, och wat d’Mësstrauen ugeet, wat si vu Verwaltungen ze spiere kréien. “Wa mer gär Betribsgrënnunge fërderen, kënne mer Patronen net wéi Gangster behandelen”, war ee vun deene méi haarde Säz, déi bei der Entrevue gefall sinn. Deen ëmfaassende Gedankenaustausch huet och nach ganz präzis Punkten a besonnesch d’international Konkurrenz beréiert, wou d’Lëtzebuerger Handwierk sech weider benodeelegt fillt. Et war eng informativ an opschlossräich Reunioun fir béid Säiten.

Deel dëse Post: