D’Haaptstad bal am Grëff vun den Heescherten

Aus dem Knuedler gëtt de Ruff no Hëllef ëmmer méi verzweifelt. Net nëmmen d’Haaptstad kritt de Problem vum Heeschen ëmmer manner an de Grëff. D’Madamm Buergermeeschter kritiséiert d’Police, déi näischt géing ënnerhuelen. De Fernand Kartheiser wëll awer an enger parlamentarescher Fro éischter vun der Regierung gewuer ginn, wéini si rechtlech, personell a materiell der Police en Agräife wëll erméiglechen. Esou eng Fro kann de Chef vum Knuedler senge Koalitiounskollege wuel net stellen.  

Fro

De Code pénal a Gemengereglementer géinge  Méiglechkeete bidde fir géint déi organiséiert Heescherei zu Lëtzebuerg virzegoen. Dee Phenomen gräift nees ëm sech, a scho laang sinn net nëmmen déi gréissten Uertschafte betraff. An och d’Methode gi méi rabiat, huet nach viru kuerzem d’Madamm Buergermeeschter vun der Haaptstad festgehalen. Et bleift net méi beim Hand-Ophalen, d’Leit ginn ugeschwat, an, wann dat näischt déngt a si schwaach genuch sinn, verbal aggresséiert.

Dowéinst wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung bestätegen, datt déi organiséiert Heescherei zu Lëtzebuerg zouhëlt a méi aggressiv gëtt?
  2. Weess d’Regierung, wéi eng Uertschafte betraff sinn a wéi eng am meeschten?
  3. Sinn d’Police oder de Parquet mat Plainte vu Leit befaasst ginn, déi sech vun Heescherte belästegt oder bedreet gefillt hunn respektiv och vläicht kierperlech belästegt goufen?
  4. Ass eng Verschäerfung a Reformuléierung vun de Gesetzer geplangt fir besonnesch déi organiséiert Heescherei an de Grëff ze kréien?
  5. Huet d’Regierung zënter den éischten Unzeechen, datt reegelrecht Banden organiséiert optriede fir hei ze heeschen, wéi och d’Madamm Buergermeeschter vu Lëtzebuerg confirméiert, eppes ënnerholl fir déi gesetzlech Dispositiounen unzepassen an der Police méi Mëttelen ze ginn fir dogéint vir ze goen?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Madamm Sam TANSON, Justizminister an vum Här Henri KOX, Minister fir bannenzeg Sécherheet, op d’parlamentaresch Fro n°7443 vum honorabelen Deputéierten Fernand KARTHEISER iwwert déi organiséiert Heescherei

 Ad Fro 1)

Den folgenden Tableau enthält fir d’Joren 2019 – 2022 d’Unzuel vun Faite vun Heescherei, wou d’Police Protokoll erstallt huet, woubäi muss präziséiert ginn, dass d’Statistiken fir d’Joer 2022 nach net komplett ofgeschloss sinn.

Et sief bemierkt, dass déi Protokollen sech op d’Artikelen 382-1 an 342 vum Code pénal baséieren, déi verschidde Formen vu Heescherei ënner Strof stellen, awer net méi d’“mendicité simple”.

Joer 2019 2020 2021 2022
Total 12 42 35 7

Ad Fro 2)

Bedéngt duerch déi kleng Unzuel vu Faiten, woubäi an de Joren 2020 an 2021 de Maximum vu Faiten, déi an där selwechter Uertschaft festgestallt goufen, just bei 5 läit, ass et statistesch-relevant net eraus ze zéien, wat fir Uertschafte besonnesch vum Phenomen vun der Heescherei betraff wieren.

Ad Fro 3)

D’Datebanken vun der Police an den Justizautoritéiten erlaben et net automatiséiert erauszefannen, ob am Kader vun der Heescherei och eng Plainte wéinst Belästegung, Bedrohung oder kierperlecher Gewalt virläit, respektiv ëmgedréint.

Ad Froen 4) an 5)

Tëscht der organiséierter Heescherei an dem Mënschenhandel existéiert en enken Lien, dofir ass säit 2014 d’Heescherei ënner verschidden Konditiounen als eng Form vun Mënschenhandel am Code pénal unerkannt.

Säit 2020 leeft de plan de recutement extraordinaire, dee virgesäit op 3 Joer 600 Polizisten an 240 Zivilisten ze rekrutéieren, esou datt d’Personal vun der Police a kierzester Zéit em bal 30% klëmmt an eng méi grouss Visibilitéit a méi staark Präsens vun der Police um Terrain op laang Siicht erméiglecht ginn.

Et sief awer betount, dass all Beräicher vun der Police gestäerkt ginn an dëse massive Rekrutement net als Äntwert op eng spezifesch Problematik ze gesinn ass.

Deel dëse Post: