D’Gedirängels op der Strooss betrëfft och den ëffentlechen Transport

Säit Joren ënnerhuelen déi successiv Regierung an och verschidde Gréng Gemengeréit vu sämtleche Parteien alles, fir den Autoschaufferen d’Liewe sou schwéier wéi méiglech ze maachen. Mee heiansdo geet de Schoss eeben och no hanne lass. Souwuel am Norden zu Mäerzeg, wéi och am Süden zu Esch kommen d’Busse vum ëffentlechen Transport net méi laanschteneen. De betraffene Chauffere bleift näischt anescht iwwereg, wéi sech strofbar ze maachen an iwwert den Trottoir ze fueren. Ëmmer an der Hoffnung, datt d’Foussgänger d’Situatioun richteg erfaassen an entspriechend ëmsichteg reagéieren, fir Schlëmmeres ze vermeiden. E Verhalen, wat awer grad fir Kanner alles anescht wéi evident ass. Lo hëlleft just nach kuerzfristegt a konsequent Ëmdenken! Lieft d’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes nach an der Realitéit? De Michel Lemaire leet de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

2025 goufe laanscht d’Rue de Michelbouch zu Mäerzeg, déi iwwert den CR360 verleeft, d’Trottoire méi breet gemaach an d’Strooss fir de motoriséierte Verkéier am selwechte Mooss méi enk gemaach. Dës Moossnam bréngt awer och Probleemer fir den ëffentlechen Transport mat sech, well keng zwee Busse méi laanschtenee kommen, ouni iwwert den Trottoir ze fueren. Streng nom Code de la Route ginn d’Chaufferen domat an d’Illegalitéit gezwongen. Awunner schwätzen dovun, datt et och ëmmer rëm zu geféierleche Situatioune kënnt, well besonnesch d’Kanner d’Brisanz vun esou Situatiounen ënnerschätzen. Am Artikel “Busfahrer müssen gegen „Code de la route“ verstoßen, um ihren Job zu maachen”, deen den 21. Januar um Zitt vum Tageblatt verëffentlecht gouf, gëtt eng quasi identesch Situatioun fir d’Victor-Hugo Strooss zu Esch beschriwwen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi erfaasst, ob wéi enge weidere Staatsstroossen a, falls déi Donnéeë verfügbar sinn, Gemengestroossen d’Situatioun besteet, datt Bussen aus dem Beräich vum ëffentlechen Transport sech kräizen, obwuel d’Begebenheeten op der Plaz dat net hierginn?
  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi eng baulech Moossnamen, respektiv entspriechend Ännerunge vun de Fuerpläng virgesi sinn, fir déi Situatioun fir d’Chauffere souwéi d’Awunner ze entschäerfen, a preziséieren, a wéi engem Delai se sollen ëmgesat ginn?

 

Deel dëse Post: