D’Flüchtlinge vun haut sinn d’Wieler vu muer!

Och wann d’Zuel vun de Flüchtlingen an der „Containerdierfer“ wierklech soll op 300 limitéiert ginn, da kéinten dës dach e reellen Afloss op d’Gemengewalen huelen, esou wuel wat d’Organisatioun ugeet (Majorz- oder Proporz), wéi och op d’Resultat.

An senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, bestätegt de Banneminister, datt d’Flüchtlinge vun haut d’Wieler vu muer sinn. Zitat aus der Äntwert: „Ee „demandeur de protection internationale“, deen déi gesetzlech Bestëmmungen erfëllt, kann sech no 5 Joer Residenz zu Lëtzebuerg op d’Wielerlëschte fir d’Gemengewalen aschreiwen, falls him de Statut vum Réfugié unerkannt gouf.“

Weider schreift de Banneminister: „Fir Determinatioun vun der Populatioun ginn an de Gemengen all d’Läit berücksichtegt, déi souwuel am “registre principal“ ewéi och am ” registre d’attente” stinn“. Also spillen d’DPI’en, op se de Statut vum Réfugié unerkannt kruten oder net, eng Roll wat d’Awunnerzuel vun der Gemeng ugeet, mat all senge Repercussiounen op d’Verdeele vun de Gemengefinanzen, eventuell dem „Pacte logement“ bis zu der Zuel vun den „Awunnereenheeten“ fir d’Kläranlagen…

„Inconcevable“, seet de Staatsrot!

A senger Fro vum 4. Januar hat de Fernand Kartheiser och nach drop higewisen, datt den Zesummenhang tëschent dem Gesetz iwwert de „Registre communal“ an de Gesetzer iwwert d’Flüchtlinge verluer gaangen ass, esou datt et am Abléck keng legal Basis kéint gi fir d’Flüchtlingen op de Waardregëster opzehuelen!

Dëst huet och de Staatsrot, e puer Deeg nodeems de Fernand Kartheiser d’Fro gestallt hat, gemierkt! An sengem Avis vum 19. Januar hält de Staatsrot fest: „Comme il est inconcevable de soumettre au vote de la Chambre des Députés une disposition comportant une référence à une loi qui, au moment du vote, n’existe plus, il est indispensable d’y substituer la référence correcte à la référence obsolète.“.

Och hei muss d’Chamber eemol méi nobesseren! Bis dohinner steet déi rechtlech Basis, fir DPI’en an de Gemengen anzeschreiwen, op ganz wackelege Féiss.

Deel dëse Post: