Roy Reding iwwer d’Flemm vum Proprietär: Loyers-Gesetz änneren

Den 8. Juli war an der Chamber eng Gesetzesännerung, fir eidelen oder als Büro gebrauchte Wunnraum nees sengem eigentlechen Zweck entspriechend ze gebrauchen. No senger Analyse vun enger ganzer Rei Grënn, firwat e Proprietär eng Wunneng eidel léisst, huet de Roy Reding bedauert, datt d’Gesetzesännerung net wäit genuch géing goen: De Proprietär misst besser Méiglechkeete kréien am Fall, wou ee vu senge Locatairen net bezillt.

Deel dëse Post: