D’Famill (och steierlech) ofschafen? De Fernand Kartheiser zur Känguru-Fro …

De Fernand Kartheiser war wéinst enger parlamentarescher Fro iwwert en Theaterstéck fir Kanner aus der Grondschoul staark an der Kritik vu gewëssene Kreesser. De Känguru (d’Haaptfigur am Stéck, dat iwwer d’Homosexualitéit handelt) huet esouguer säi Wee op d’Facebookprofilphotoe vu Leit fonnt. D’Chambersdebatt iwwert d’Regierungserklärung war fir hie Geleeënheet, munches richteg ze stellen, wat an de soziale Medien an an der Press iwwerflächlech erofgemaach gouf.

Seng Äntwert kënnt an zwee Deeler a mécht e grousst Stéck vu sengem Debattebäitrag zur Regierungserklärung aus, deen derwäert ass, hei separat opgefouert ze ginn. De Fernand Kartheiser pocht op d’Virrecht vun den Eltere bei der Erzéiung vun hire Kanner an dorop, datt a kenger staatlecher Institutioun a scho guer net an der Schoul däerf Indoktrinatioun bedriwwe ginn. Et ass un den Elteren ze decidéieren, wéini an a wéi engem Alter si hir Kanner sexuell opklären, besonnesch wat Theme wéi Homosexualitéit ugeet.

Wat de Begrëff vun der natierlecher Famill ugeet, erënnert de Fernand Kartheiser drun, datt et kee Recht op e Kand ka ginn (wéi am Verfassungsentworf ugedeit) mee nëmme Kannerrechter. Hie geet dann och op déi “mënschlech Tragedie” vum neie Filiatiounsgesetz an, dat d’Gefor a sech dréit, datt d’Kand zu enger Wuer gëtt.

Deel dëse Post: