Der Regierung hir Deontologie um Leescht … awer keng QP erwënscht

Et gëtt vill Gedeessems ëm eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser säitens der Chamber-Presidence.

D’Regierung ass wëlles hiren Deontologekodex, dee festleet, wat d’korrekt Behuele vun engem Regierungsmember ass, ze iwwerschaffen. Dat, nodeems eng Ethikkommissioun, déi da soll agräifen, wann Zweifel bestinn, datt dee Kodex respektéiert gouf, fonnt huet, op Basis vun deem alen Text wär dës Aufgab onméiglech an alle Punkten ze erfëllen. Aus senger eegener Erfahrung mat der Regierung, huet de Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro e puer Punkten zesummegestallt, bei deenen hie sech Verbesserung a Klarifizéierung virstelle kann a gefrot, ob d’REgierung och déi Punkte behandele wëll.

Déi Fro ass dann och ganz regulär bei der Chamber enregistréiert ginn a krut eng Nummer. E puer Stonnen drop allerdéngs war dat hifälleg. D’Fro misst geännert ginn, iert d’Regierung géing drop äntweren, huet et du geheescht. Dat well eis Fro, déi Dir am Original kënnt noliesen, net generell genuch wär an op konkret Fäll géing Allusioun maachen.  Wéi een allerdéngs Froen zu engem Deontologiekodex an de Schwieregkeeten, kriddeleg Fäll ze behandelen, stelle kann, ouni konkret Fäll ze kucken, dat muss eis eemol erkläert ginn.

Deel dëse Post: